
Resonanzen: klassesch Musek, live moderéiert
Dir lauschtert gäre klassesch Musek? Dann ass "Resonanzen" déi richteg Emissioun fir Iech. De Guy Engels erzielt, wat d'Nolauschterer vun der Rentrée un all Dag um 14 Auer erwaart.
Dir lauschtert gäre klassesch Musek? Dann ass "Resonanzen" déi richteg Emissioun fir Iech. De Guy Engels erzielt, wat d'Nolauschterer vun der Rentrée un all Dag um 14 Auer erwaart.
Mat der Rentrée lafen um radio 100,7 nei Sendungen. "Espresso Beats" bitt d'Geleeënheet, d'Mataarbechter vum Radio besser kennen ze léieren. De Philippe Hansen erzielt, wat Iech erwaart.
Weltkarriär, Drogenexzesser, Ënnergang, privat Schicksalsschléi a "Comebacks": De Sänger vun der Familljeband "Bee Gees" Barry Gibb kritt 70 Joer. Hie kuckt op e Liewe mat villen Héichten an Déiften zréck.
"Halt dich an deiner Liebe fest" ass eng nei Biografie iwwert de Rio Reiser. Geschriwwe vu sengem Brudder Gert Mobius. Dobäi ginn et scho vill Publikatiounen iwwer de Sänger vun "Ton Steine Scherben".
Déi schwedesch Band "Entombed" huet sech 2014 nei forméiert an nennt sech zanter deem "Entombed A.D." D'Formatioun huet ënnert anerem en neie Gittarist. Huet sech domat vill geännert?
De Gaume Jazz ass ee wichtege Rendezvous fir d'Frënn vun improviséierter Musek an der Groussregioun. Op der Affiche sinn och ëmmer Kënschtler vu Lëtzebuerg. Dat ass fir d'Organisateure selbstverständlech.
"Follow me Home" ass en Documentaire iwwer Sans-Abrisen zu Lëtzebuerg. De Pianist David Ianni huet dozou eng zerbriechlech Musek geschriwwen. De Soundtrack ënnersträicht d'Gefiller, déi de Film ausléist.
Jidderee kennt de Klang vum Carillon. Awer kaum ee weess, wéi dëst Instrument ausgesäit. Zu Iechternach gouf déi fënnett Editioun vun enger Concerts-Serie agelaut. Mat Wierker vu Bach bis Lady Gaga.
D'Aktualitéit huet dëst Joer staark Repercussiounen op d'Bayreuther Festspiller. Eng reliounskritesch Parsifal-Interpretatioun hat schonn am Virfeld vum Wagner-Festival fir Diskussioune gesuergt.
Mam musikalesche Projet "The Army of Butterflies" soll de Sébastien Peiffer ënnerstetzt ginn. De Sänger hat 2012 e schwéieren Accident. De Kollektiv huet viru kuerzem zwee nei Lidder erausbruecht.
De Rapport d'activités 2021 vum radio 100,7 ass verëffentlecht ginn. E gëtt en Abléck an d'Aktivitéite vun de verschiddene Servicer a Redaktiounen am leschte Joer.
Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun ass den Ament zu Lissabon. An eisem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.
De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht.
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen