Musek

Albena Petrovic
Optakt

"Crystal Dream" si Kompositioune vum Albena Petrovic-Vratchanska, interpretéiert vum Romain Nosbaum. De Guy Engels huet sech mat der Komponistin ënnerhal.

Eurosonic
Eurosonic 2016

Beim wichtegste Festival fir nei musikalesch Trends läit de Fokus dëst Joer op zentral- an osteuropäesche Länner. E Bléck op eng Musékswelt déi hei manner bekannt ass - wat net onbedengt een Zoufall ass. 

gei.jpg
Komponist vum Mount

De Léo Delibes (1836-1891) louch mat senge Kompositiounen ëmmer um Bols vun der Zäit: vu “L'omelette à la Follembiche” bis bei sozial Spannungen a  "Kassya", d'Oper iwwert eng Bauererevolt. 

David Bowie (c)Mick Rock
David Bowie

Den David Bowie ass am Alter vun 69 Joer gestuerwen. Hie war ee vun deene wichtegsten Erneierer vum Pop. Hien huet sech selwer a seng Musek ëmmer nees nei erfonnt. Och op sengem leschten Album.

casting-nets.jpg
Album vun der Woch

Zäit hunn ass sech Zäit huelen: den Debutalbum vum Trio 'Distance, Light & Sky' ass e rouegt Wierk. Akustesche Songwriting, onopgereegt an awer mat Charme. Den ideale Begleeder fir eng Auszäit.

chris maas.jpg
Lëtzebuerger Drummer

De Lëtzebuerger Chris Maas ass fräiberuffleche Museker, deen zu London Perkussioun studéiert huet a mëttlerweil mat weltbekannte Bands ënnerwee ass.100,7-Interview mam talentéierte Batteur.

David Wagner
Nei Emissioun

Vum 8. Januar u moderéiert den David Wagner d'Emissioun "Metal Meltdown". Um Freideg Owend kritt d'Metal-Zeen domat ee Forum um ëffentlech-rechtleche Radio. Dofir ginn et gutt Grënn.

Pierre Boulez.jpg
Zäitgenëssesch Musek

De franséische Komponist an Dirigent Pierre Boulez, ee vun de wichtegste Vertrieder vun der zäitgenëssescher Musek, ass am Alter vun 90 Joer gestuerwen.

pentaTon.jpg
Interview mat der Flüttistin Aniela Stoffels

pentaTon spillen de Freideg 8. Januar an der Abtei Neimënster. Déi fënnef Museker hu sech zanter hirem éischten Optrëtt 2011 eng zolitt Renommée gemaach.

Greg Lamy.jpg
Nei CD vun de Gittariste Greg Lamy a Paulo Simoes

Elektresch an akustesch Gittaren treffen openeen. Ze héiere sinn nei Arrangementer vu Standarde wéi “Insensatez” vum Carlos Jobim oder “Days of Wine & Roses” vum Henry Mancini, an och eege Stécker.

 

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen