Musek

Stromkasten
Stromkasten

Wéinst der Pandemie gouf et keen Event fir d'Verëffentlechung vun hirem éischten Album. D'Post-Rock-Formatioun Stromkasten léisst sech dovun net ophalen a mécht weider. Momentan schaffe si um zweete Longplayer.

C'est Karma - Spaghetti On Repeat
Made in Luxembourg

D'Lidd ass eng Ode u Pasta a Kapitalismuskritik an engem. D'Nuddel als Symbol fir d'Resignatioun vun enger Fra déi hiert Liewe laang geschafft huet, ouni op der sozialer Lieder no uewen ze kommen.

Nite jewel - no sun
Album vun der Woch

Deen neien Album "No Sun" vun der Nite Jewel ass d'Resultat vun enger Recherche iwwer Stereotyppen an Traditiounen, awer och d'Ausernanersetzung mat hirem Divorce.

E52.jpg
Sample vun der Woch

1983 huet déi englesch experimentell Grupp, bekannt fir hir Sound-Collage-Techniken an hir avantgardistesch Approche dozou, dëst Lidd erausbruecht. De Bobby Bieles huet sech op d'Sich nom Sample gemaach.

Claire Laffut
Claire Laffut - Bleu

D'Claire Laffut huet hiren Debutalbum erausbruecht. "Bleu" geet vun Indie bis Dance-Pop, mat Perkussiounselementer a kloer feministeschen Aussoen an ass eng Rees duerch d'Karriär vun der Musekerin.

e37.jpg
Sample vun der Woch

1979 ass d'Lidd "A Few More Kisses To Go" vum Isaac Hayes erauskomm. De Multi-Instrumentalist an Autodidakt hat zu där Zäit e kreative Leerlauf - dat hënnert hien awer net drun, e grousse Succès an der Hip-Hop Communautéit ze hunn.

Slumbergaze
Slumbergaze

Den Eric Juncker seng zweet Single "Shade Plant" dréint ëm eng onscheinbar Hausplanz, déi et trotz allem fäerdeg bréngt, sech an engem Dschungel vu wonnerschéine Bléien duerchzesetzen. De Philippe Hansen wollt méi wëssen.

e34.jpg
Sample vun der Woch

D'Lidd koum 1983 eraus. D'Grupp an d'Lidd sinn e Produkt vum Rick James senger Fantasie. D'Mary Jane Girls waren nämlech dem Rick James seng Background Sängerinnen.

e32.jpg
SAMPLE VUN DER WOCH

Déi weltbekannten Intro vum Lidd "Different Strokes" staamt vum Syl Johnson, e bekannte Soul a Blues Sänger aus Mississippi. Opgegraff gouf de knaschtege Bassloop vu Kënschtler wéi dem Kool G Rap, Wu-Tang Clan an J Dilla.

Devendra Banhart Noah Georgeson - Refuge
Musek

Mat hirem Album "Refuge" zelebréieren déi zwee Museker Devendra Banhart an Noah Georgeson d'New Age Musek a loossen ee kuerz den Alldagsstress vergiessen. Eng nei Säit vum Indiefolk-Duo, déi Loscht op méi mécht.

Net verpassen

Programm

  • Panorama

  • On air

    Iwwer Mëtteg vun 11 bis 2

  • Noriichten

  • Resonanzen

  • Am Nomëtteg vun 3 bis 6

Dossieren

  • Buchkriticken

    D'Kulturredaktioun vum radio 100,7 presentéiert Rezensioune vu Lëtzebuerger an internationale Bicher.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen