Musek

casting-nets.jpg
Album vun der Woch

Zäit hunn ass sech Zäit huelen: den Debutalbum vum Trio 'Distance, Light & Sky' ass e rouegt Wierk. Akustesche Songwriting, onopgereegt an awer mat Charme. Den ideale Begleeder fir eng Auszäit.

chris maas.jpg
Lëtzebuerger Drummer

De Lëtzebuerger Chris Maas ass fräiberuffleche Museker, deen zu London Perkussioun studéiert huet a mëttlerweil mat weltbekannte Bands ënnerwee ass.100,7-Interview mam talentéierte Batteur.

David Wagner
Nei Emissioun

Vum 8. Januar u moderéiert den David Wagner d'Emissioun "Metal Meltdown". Um Freideg Owend kritt d'Metal-Zeen domat ee Forum um ëffentlech-rechtleche Radio. Dofir ginn et gutt Grënn.

Pierre Boulez.jpg
Zäitgenëssesch Musek

De franséische Komponist an Dirigent Pierre Boulez, ee vun de wichtegste Vertrieder vun der zäitgenëssescher Musek, ass am Alter vun 90 Joer gestuerwen.

pentaTon.jpg
Interview mat der Flüttistin Aniela Stoffels

pentaTon spillen de Freideg 8. Januar an der Abtei Neimënster. Déi fënnef Museker hu sech zanter hirem éischten Optrëtt 2011 eng zolitt Renommée gemaach.

Greg Lamy.jpg
Nei CD vun de Gittariste Greg Lamy a Paulo Simoes

Elektresch an akustesch Gittaren treffen openeen. Ze héiere sinn nei Arrangementer vu Standarde wéi “Insensatez” vum Carlos Jobim oder “Days of Wine & Roses” vum Henry Mancini, an och eege Stécker.

olivier frank.jpg
Musikalesch Visitekaart: Olivier Frank

Den Direkter vum "Institut Pierre Werner" ass begeeschtert vu klassescher Musek aus der Renaissance, grad ewéi vun elektro-akustescher Musek aus de 1960er.

hagen katsaris.jpg
Klassik-CD: "Cyprien Katsaris presents Katrin Hagen"

D'Katrin Hagen huet eng CD mam renomméierte Pianist Cyprien Katsaris opgeholl. De Manuel Ribeiro huet sech mat der jonker Klarinettistin ënnerhal.

Dave Heumann.jpg
Album vun der Woch

Den Dave Heumann huet seng selwer operluechte Kreativpaus net laang ausgehalen. Mat "Here In The Deep" zerwéiert hie säin éischte Solo-Effort.

surf cowboys.jpg
Neien Album: "Crossroads"

Et ass e Comeback op deen een net onbedéngt agestallt war: No iwwer 20 Joer Paus iwwerraschen d'Surf Cowboys mam neien Album 'Crossroads'.

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen