Musek

Charlie Watts
Charlie Watts

Am Hannergrond huet hien op sengem reduzéierten Drum Kit mat Eleganz gerockt. Hie war dee buedemstännegste vun de Rolling Stones. Hire rhythmeschen Anker. Hien ass de 24. August am Alter vun 80er Joer zu London verscheet.

Vinyl Plackespiller
Sample vum Dag

D'Flute ass eng vun de grousse Spezialitéite vum franséische Multi-Instrumentalist an Dirigent Bernard Wystraete. Dat bekanntste Beispill vun der Utilisatioun vu sengem Stéck "Day Dream".

E48.jpg
Sample vun der Woch

Ee vun de meescht gesampelten Songs iwwerhaapt, laut Google waren et 728 Mol. D'Lidd ass selwer e Cover vum Song "Tramp" vum Lowell Fulsom. De Bobby Bieles huet sech op d'Sich nom Sample gemaach.

Gruff Rhys
Gruff Rhys an de Rotonden

"Seeking New Gods", déi neiste Plack vum Gruff Rhys erzielt vun deene Rëss, déi Brexit, Trump a medial Manipulatioun an der Gesellschaft hannerlooss hunn, mat engem Vulkan als Haptprotagonist.

E47.jpg
Sample vun der Woch

De Stevie Wonder ass ee vun deenen éischten, déi Synthesizer mat Goût a Finess reegelméisseg a seng Lidder abaut, wéi zum Beispill op "Pastime Paradise" - ee Riff, deen 1995 vum Coolio a sengem "Gangsta's Paradise" opgegraff gëtt.

International Music
Congés Annulés

Mat Absurditéit, Humor a schéin holpreger Interpretatioun fléien déi dräi vun der Tankstell um Album "Ententraum" aus hirem Ruhrpott eraus. Hiren Optrëtt an de Rotonden dëse Samschdeg versprécht amusant ze ginn.

L'Eclair
L'Eclair - Schwäizer Groove an de Rotonden

E Freideg den Owend spille L'Eclair op de Congés annulés. Si kënnen all Längt vu Concert assuréieren, esou groussaarteg kënne si all Song op der Bün an eng endlos, inspiréiert Jam verwandelen.

e46.jpg
Sample vun der Woch

Ee Meeschterwierk vun der Grupp vun Düsseldorf, um sechsten Album, 1977 bei Kling Klang Records erauskomm, geschriwwe vum Ralf Hütter als Hommage un deen neien Zuch.

Faux Real
Congés Annulés

Den Owend spille Faux Real am Kader vun de Congés Annulés an de Rotonden. De Marc Clement huet sech mat de franko-amerikanesche Museker ënnerhalen iwwer en Homecoming, dee bal net zustane komm wier.

Francis-of-Delirium - Orchestral Session
Congés Annulés

Der Jana Bahrich hir Grunge-Emo-Stécker kréien e Samschdeg an de Rotonden geschmeideg harmonesch Ënnerstëtzung. Sträicher, Vibraphon a Bléiser blose frësche Wand an hir intim Kompositiounen.

 

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen