Musek

Antifragile
Post Rock

Zënter iwwer zwee Joer maache si sech een Numm op de Lëtzebuerger Bühnen. Elo kënnt endlech den Debut-EP vun Antifragile eraus. Dee markéiert schonn nees den Ufank vun enger neier Schafensperiod.

Jess Williamson
Americana

"Heart Song" ass der Jess Williamson hiren zweete Long-Player. Dës intimistesch Plack verklanglecht déi texanesch Wüstelandschaft. Als Nolauschterer riskéiert een d'Orientéierung ze verléieren.

Anne Galowich
Nei Emissioun

D'Anne Galowich befreit bekannte Wierker vum Stëbs vun der Zäit. Déi wichtegst Melodien a musikalesch Bausteng ginn direkt um Clavecin gespillt. Eng ganz nei Manéier, fir Musek um Radio z'entdecken.

Edsun
Rock a Pop zu Lëtzebuerg

2016 war ee spannend Joer fir d'Musek zu Lëtzebuerg. Am Schied vum Grammy si vill pertinent Produktiounen entstanen, et hu sech nei Talenter op d'Bühn gewot, an et gouf iwwerraschend Reformatiounen.

hush moss.jpg
Album vun der Woch

De "Retrofacteur" ass an der Musek vun haut alles anescht wéi nei. Déi israelesch Hipster vu Hush Moss presentéieren op "It takes a lot" genau dee Sound. En ass diskutabel, mee kléngt einfach gutt.

komparce
Museks-Label

Vill Lëtzebuerger Museker hunn Diske bei "Chez Kito Kat" verëffentlecht. De Label vu Metz feiert elo säin zéngte Gebuertsdag. De Bilan ass positiv. An och fir d'Zukunft si spannend Projete geplangt.

Götz Alsmann
Album vun der Woch

Déi verswingte Chrëschtlidder mat vollen a fette Kläng vun der WDR Big Band sinn ideal fir ëm d'Chrëschtzäit doheem mat Besuch ze lauschtere respektiv fir an d'Chrëschtdagsstëmmung anzeklammen.

Synthesis
Trip Hop vu Lëtzebuerg

No dräi Joer Paus melle Synthesis sech zeréck. Den Duo schafft un engem neien Album an un enger opwänneger Live-Show. D'Approche ass eng ganz aner wéi um éischten Disk. D'Ambitioune si grouss.

Andrew Manze
Andrew Manze

Den Andrew Manze ass eigentlech ee Spezialist vun aler Musek. Dëse Freideg verléisst den Dirigent säi gewinnten Terrain. Hien dirigéiert den OPL a Wierker vun Haydn an Nielsen. Ee Gespréich.

Gregor Meyle
Gregor Meyle

Dem däitsche Songwriter Gregor Meyle säi fënneften an neien Album heescht "Die Leichtigkeit des Seins". Hie proposéiert zéng Lidder wou virun allem vu Gléck, Frëndschaft a Léift erzielt gëtt.

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen