Musek

Nationaal Archief - shocking blue
Shocking Blue - At Home (1969)

Direkt erëm(v)erkannt: Ee vun deenen éischten europäesche Psychedelic-Rock Albumen. Shocking Blue war eng hollännesch Rockband, gegrënnt 1967 zu den Haag. Hir bekanntsten Hitsingle war "Venus".

Mahler
Klassik-CD

Den David Briggs adaptéiert dem Gustav Mahler seng Musek fir d'Uergel. Säin aktuellste Projet huet hien zesumme mam Bariton David Pike enregistréiert. Mir ware bei enger Opnam-Sessioun dobäi.

Beethoven
250 Joer Beethoven

D'Kirsten Jüngling proposéiert an hirer Beethoven-Biographie en Abléck an eng historesch opreegend Zäit, mat matten dran engem Komponist, dee Krämpes huet, eng Plaz fir sech a seng Musek ze fannen.

CD-2019
D'Klassik-CDe vun 2019

Gutt Echoen an der Fachpress an international Unerkennung: D'Joer 2019 war fir déi Lëtzebuerger CD-Produktiounen een exzellente Cru, op deen de Guy Engels an de Manuel Ribeiro zeréckkucken.

Lou Koster
Lou Koster: Komponieren in Luxemburg

Nodeems sech d'Musekswëssenschaftlerin Danielle Roster jorelaang mat der Lou Koster auserneegesat huet, huet si elo déi alleréischt Monographie iwwer déi lëtzebuergesch Komponistin publizéiert.

jan jelinek
Jan Jelinek

De Jan Jelinek gehéiert zu den interessantste Produzente vun elektronescher Musek. Hie gouf ufanks den 2000er Joren duerch seng Collagen-Technik bekannt. Wat kann ee vu sengem Optrëtt zu Esch erwaarden?

De Pier an de Wollef
E Klassiker fir Kanner

"De Pier an de Wollef" ass wuel dat bekanntste Wierk vum Sergei Prokofjew. De Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg huet dës musikalesch Erzielung elo zesumme mam Serge Tonnar op CD erausbruecht.

Beethoven
Resonanzen Spezial

Wisou ass hien daf ginn? Wat ass déi bescht Opnam vu senge Sinfonien? Wéi gëtt hien a senger Gebuertsstad Bonn gefeiert? Pénktlech zum Start an d'Beethoven-Joer 2020 gi mir op d'Spuer vum Komponist.

London Calling
Déjà Vu: The Clash - London Calling

The Clash kennt een haaptsächlech vun der drëtter Studioplack "London Calling" un. D'Karriärufäng vun The Clash waren onzertrennlech mat der Punkbeweegung verbonnen. An déi hat och eng politesch Dimensioun.

Millen Sessions
Gesellschaft

An der Bungerefer Millen waren dëse Summer sechs Renconteren tëschent Museker an Demandeurs d'asile. Organiséiert a gefilmt goufen des Renconteren vun der Associatioun "Mir wëllen Iech Ons Heemecht weisen."

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen