Musek

Jim James
Funk a Soul

"Eternally Even" heescht dem Jim James säin zweete Solo-Disk. Hei léisst hien dem Soul fräie Laf a presentéiert eng politesch Plack, déi vun R&B an astralem Funk duerchdrongen ass.

Jean Muller
Musikalesch Visittekaart

Als unerkannten internationale Kënschtler ass de Pianist Jean Muller bestëmmt ee vun deene beschte Museksambassadeuren zu Lëtzebuerg. Säi Museksgoût hält awer net bei der Klassik op.

ICMA nomination 2017
International Classical Music Awards 2017

D’Nominatioune fir d’International Classical Music Awards 2017 sinn eraus. Dräi Produktioune mat Lëtzebuerger Museker hunn et op d'Lëscht vun den Nominéierte gepackt.

Kadhja-Bonet.jpg
Nei am Plackeregal

D'Kadhja Bonet ass eng villverspriechend Musekerin aus den USA. Hiren Debut-Album "The Visitor" zerwéiert sech um Repertoire aus deene leschte 40 Joer. Trotzdem schéngt en net vun dëser Welt ze sinn.

De kanadische Sänger Leonard Cohen 1976 zu Frankfurt
Museks-Legend

De kanadesche Sänger Leonard Cohen ass am Alter vun 82 Joer gestuerwen. Seng Musek huet e puer Generatioune gepräägt. Den 21. September hat hie säi leschten Album "You Want It Darker" erausbruecht.

Leonard Cohen
Musikalescht Testament

Mat 82 Joer huet de Leonard Cohen säin Album "You Want It Darker" erausbruecht. En Album, dee sech wéi en Testament unhéiert. De kanadesche Songwriter ass schwéier krank. Ass et e musikaleschen Adieu?

OPL a Spuenien
Klassesch Musek

De Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg ass op Spuenien-Tournée. Den Ufank mécht ee Concert am Auditorio Nacional zu Madrid. Mir ware bei de Prouwen derbäi. Ee Bléck hannert d'Kulissen.

The Excitements
Soul a Funk

"Breaking The Rule" ass zwar vun der spuenescher Formatioun The Excitements - mat spuenesche Kläng huet dat Ganzt awer näischt ze dinn! Motown Musek steet am Mëttelpunkt vun dësem Album.

Patricia Kopatchinskaja
Klassesch Musek

De Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg ass op Tournée a Spuenien. Als Solistin ass d'Patricia Kopatchinskaja invitéiert, eng vun deenen aussergewéinlechste Geiistinnen aus der jonker Generatioun.

Semer Ensemble
Jiddesch Musek

Um Album "Rescued Treasure" vum Semer Ensemble si Lidder vereent, déi d'Nationalsozialisten 1938 an der Reichskristallnacht zerstéiert hunn. Et ass en Hommage un de Semer-Label vum Hirsch Lewin.

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen