Musek

Tuys beim Eurosonic
Grousse Showcase-Festival

Den Eurosonic ass dee wichtegsten europäesche Showcase-Festival. E geet online a gratis iwwer d'Bün. Lëtzebuerg gëtt vun Tuys vertrueden. Kuckt den Optrëtt vun der Indie Pop Band live am Stream.

Live Painting bei Aircheck Session vum Eric Mangen
Musek trëfft op Molerei

Bei der Aircheck-Session vun der Benoit Martiny Band an der Kulturfabrik huet de Kënschtler Eric Mangen eng Toile gemoolt. De Video vum Live Painting gëtt elo um KulturKanal gewisen.

The Kills - Little Bastards
The Kills - Little Bastards

"Little Bastards" vun The Kills ass charmant, rau a bitt ee rockege Punch, dee senges Gläiche sicht. "Little Bastards" ass besonnesch recommandéiert beim Späicher raumen a Roserei erausloossen.

e17.jpg
Sample vun der Woch

D'Lidd "Never Gonna Stop" vun der villsäiteger Sängerin a Schauspillerin koum 1979 eraus an huet zwee vun deene Groussen am Hip-Hop inspiréiert: den 2Pac an den Nas.

TUYS
Musek

Tuys vertrëtt Lëtzebuerg nächste Weekend um Eurosonic Festival. Um Showcase Event zu Groningen decidéiert sech, wéi eng nei Talenter een am Summer op den europäesche Festivalle ka gesinn.

Rapperin Haiyti
Album vun der Woch

Fame an Usproch sinn net esou liicht ze vereenen: der Rapperin Haiyti hiren zweeten Album bannent sechs Méint gëtt am Feuilleton gefeiert, mee den Duerchbroch léisst op sech waarden.

e16.jpg
Sample vun der Woch

1982 koum "I Keep Forgetting" vum Michael McDonald eraus. Eng Melodie, déi een och bei anere Lidder erëmfënnt. De Bobby Bieles ass Sample-Detektiv an erzielt d'Geschicht vum Lidd.

Muti - Neijorschconcert 2021.jpg
Neijoerschconert

Vill Concerte goufe fir Chrëschtdag a Silvester ofgesot, den traditionelle Neijoerschconert vu Wien fënnt statt - ouni Public. Keng Musek op den 1. Januar war keng Optioun fir de Riccardo Muti.

Sensu
Radioaktivitéit

Um Silvesterowend bréngen op eiser Antenn dräi DJen d'Clubatmospär bei Iech heem. De Sensu, d'Gurl an Der Alte Jäger hu sech hanner d'Platinne gesat fir eis eng Stonn vun hirem Feinsten zesummenzemixen.

Aircheck Sessions Benoit Martiny Band
Borgs, Klingonen a Venusianer

Dëse Samschdeg, de 26. Dezember, déi véiert Aircheck Session an der Kulturfabrik, zesumme mam KUK. De Concert gëtt um 16:00 um radio 100,7 diffuséiert. Eng Initiativ vum radio 100,7 zesumme mat der Kulturfabrik.

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen