"Heemecht ass keng Plaz, mee e Gefill"
A senger neier Single beschäftegt de Lëtzebuerger Sänger Bartleby Delicate sech mam Begrëff Heemecht. Dee sollt an enger digitaliséierter Welt nei beluecht ginn. Als Artist misst ee Stellung bezéien.
A senger neier Single beschäftegt de Lëtzebuerger Sänger Bartleby Delicate sech mam Begrëff Heemecht. Dee sollt an enger digitaliséierter Welt nei beluecht ginn. Als Artist misst ee Stellung bezéien.
Zwee jonk Interprete beschäftege sech mat vergiessene Wierker. D'Resultat ass gläichzäiteg elegant a virtuos. Trotz Aflëss vum éisträichesche Meeschter sinn d'Wierker vum Danzi awer keng Mozart-Kopie.
De schottesche Museker Bert Jansch huet an de 60er britesche Folk innovéiert an eng ganz Generatioun beaflosst. Dem Bert Jansch seng éischt aacht Placke goufen dës lescht frësch verëffentlecht.
De fréieren Talking Heads-Sänger zeechent en düstert Bild vum amerikanesche Status Quo, deem een nëmmen nach mat Léift an Eskapismus entkomme kann. D'Musek kléngt iwwerraschend verspillt an optimistesch.
Eigentlech hate si kee Plang. Awer den Debut-Album vun der Lëtzebuerger Band Tuys kléngt erstaunlech homogen. Obwuel vill gutt Lidder drop sinn, ass et méi wéi eng Usammlung vu Singelen.
Déi ganz Welt feiert haut dem Bach säin 333. Gebuertsdag an de radio 100,7 feiert mat. Um Programm: "Bach in the Subways", eng Exklusivopnam, Fun-Facts, en neien Jingle a villes méi.
1978 ass d'Big Band Opus 78 gegrënnt ginn. 2018 gi 40 Joer gefeiert. Zu Besuch am Moies-Magazin sinn de Saxophonist Jérôme Fellerich an den Trompettist Gilles Burgund.
Dem John Osborn geléngt et mat der Oper "Le Prophète" vum Giacomo Meyerbeer eng beréierend Interpretatioun vum Wiedertäufer-Prophéit Jan de Leiden ze vermëttelen. Een interessante CD-Set vum Live-Optrëtt.
De Gary Numan ass ee vun de wichtegste Museker fir d'Entwécklung vun der Popmusek. E Gespréich iwwer seng Carrière, seng Léift fir nei Technologien an den Afloss vum Donald Trump op säi leschten Album.
Den italieneschen experimentelle Museker Andrea Belfi brauch net vill, fir seng mysteriéis an dynamesch Kompositiounen ëmzesetzen. Dobäi ginn déi elektro-akustesch Elementer ganz organesch verbonnen.
Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei.
Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.
Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen