Musek

David Ianni
Den David Ianni spillt am Funiculaire

Mat sengem Projet "My Urban Piano" reest den David Ianni duerch ganz Europa. Op all Etapp verzielt hien eng aner musikalesch Geschicht. Zu Lëtzebuerg spillt de Pianist am Funiculaire.

Confluences
Klassik-CD vun der Woch

Kann ee Mann e ganzen Orchester ersetzen? Den Organist Maurice Clement huet fir säin neien Disk Wierker aus der grousser romantescher Orchestermusek arrangéiert a mat vill Gefill agespillt.

Jenn Wasner
Wye Oak

Op hirem neien Album léisst déi amerikanesch Indie-Band Wye Oak hir ursprénglech Missioun hannert sech. Si hätten d'Méiglechkeete vum Duo all exploréiert, seet d'Sängerin Jenn Wasner am Gespréich.

Philharmonie 2018
Programmvirstellung

De radio 100,7 war bei der Programmvirstellung dobäi, huet mam Direkter Stephan Gehmacher iwwer déi nei Saison geschwat an huet e Bléck hannert d'Kulisse vun der Philharmonie geworf.

Caroline Goulding
Klassik-CD vun der Woch

De Mozart an de Korngold waren a ganz Europa als Wonnerkanner bekannt. D'Interpretatioun vun der jonker Geiistin Caroline Goulding iwwerzeegt duerch e liewegt, frëscht a faarwegt Spill.

Alasdair Roberts, Amble Skuse and David McGuinness at Kinning Park in Glasgow in August 2017
Albumbespriechung

Um neien Album vum Alasdair Roberts "What News" gëtt de schottesche Folkmuseker vun zwee ongewéinleche Museker begleet. Aus dëser Collaboratioun ass eng experimentell Folkplack entstanen.

CD vun der Woch Dvorak
Klassik-CD vun der Woch

De Marcus Bosch an d'Staatsphilharmonie Nürnberg schléissen hir Dvořák-Intégrale mat der zweeter Sinfonie vum tschechesche Komponist of. Eng Opnam, déi an allen Aspekter iwwerzeegt.

Hop Along
Album vun der Woch

Am Indie Rock gëtt ee just nach seelen iwwerrascht. Déi meescht Gruppe gi sech domat zefridden, bekannte Klischeeën ze widderhuelen. Hop Along gi méi wäit. Hiren neien Album iwwerrascht.

Gaillard
Klassik-CD vun der Woch

De Richard Strauss huet net vill fir Cello geschriwwen. Awer d'Wierker op dësem CD gehéieren zu deene beschten aus dem Repertoire fir dëst Instrument, fënnt déi bekannten Cellistin Ophélie Gaillard.

Station 17
Album vun der Woch

Station 17 - Museker mat an ouni Behënnerung - rocke sech erfrëschend duerch d'däitsch Museksgeschicht. D'Band ass net just personalméisseg, mee och musikalesch schwéier ze kategoriséieren.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen