Dës 8 Acts triede beim Screaming Fields op
De Screaming Fields ass dee beschte Moment am Joer, fir den Nowuess am Pop- a Rock-Beräich zu Lëtzebuerg kennenzeléieren. Aacht Nimm sinn dëst Joer op der Affiche. Mir stelle se vir.
De Screaming Fields ass dee beschte Moment am Joer, fir den Nowuess am Pop- a Rock-Beräich zu Lëtzebuerg kennenzeléieren. Aacht Nimm sinn dëst Joer op der Affiche. Mir stelle se vir.
Musek vum Leopold Godowski bitt de Łukasz Kwiatkowski op sengem aktuellen Disk. E Mix vu verschiddene Stiler, deem de Pianist duerch seng Virtuositéit an differenzéiert Interpretatioune gerecht gëtt.
Neien, danzbare Post Punk vu Brooklyn, mat schaarfe Gittaren a schaarfen Zongen. "Endless Scroll" vun der New-Yorker Band Bodega kënnt onscheinbar dohier. Mee wann ee sech drop aléist, péckt en een.
De Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg produzéiert en Disk mat engem Arrangement vum Colin Matthews. Mir hunn eis mam englesche Komponist getraff a mat him iwwer säin neit Wierk geschwat.
De Franz Schubert an de Luciano Berio louchen iwwer 100 Joer auserneen. Den italienesche Komponist war vum 4. Wiener Klassiker faszinéiert, a "Rendering" kann een als e Stéck vu béide Komponisten ugesinn.
Fir déi eng ass Vakanz een Zur-Rou-Kommen. Fir anerer ass Vakanz Synonym fir en Tapéitewiessel, bei deem sech ënner Ëmstänn méi frësch a kreativ schaffe léisst. Dat ass der Manchester Band Virginia Wing awer gelongen.
Klassesch Open-Air-Concerten zéien am Ausland Honnertdausende vu Leit un. Mat Kinnekswiss loves ... soll elo och Lëtzebuerg esou e Festival kréien, deen dëst Joer seng éischt Editioun feiert.
Psychedelesche Soul, R&B a Funk vun enger determinéierter a kosmescher Eenzelgängerin. "Childqueen" ass eng kosmesch Affär, an där d'Kadhja Bonet hire verdreemten a verdréinten Univers opdeckt.
De Sebastian Bohren hätt gären, datt de Johann Sebastian Bach zu engem vu sengen Eckpfleilere gëtt a wëllt mat sengem aktuellen Disk d'Fundament dofir leen. Wéi ass him dëst gelongen?
16 Hënn hat de Richard Wagner, dorënner den Dreck, de Speck, d'Molli, de Putzi an de Fips. Wie war dem Wagner säi Liiblingshond? Wéi huet hie seng Déiere behandelt an hu si hien och musikalesch beaflosst?
Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei.
Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.
Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen