Musek

Loivos
Musek

Loivós ass ee klengt Duerf am Norde vu Portugal - an och eng lëtzebuergesch Band. Hir nei Single "Wheels" ass d'Geleeënheet méi erauszefannen, wat déi zwee verbënnt.

Francisco Fernandez
Nei Single vun The Ferocious Few

De Francisco Rodriguez ass zanter gutt fënnef Joer zu Lëtzebuerg als Live-Museker ënnerwee an huet grad en EP mat sengem Coequipier Yves Ditsch fäerdeg gestallt. Déi éischt Single koum de Freiden eraus.

Sharon Van Etten - We've Been Going About This All Wrong
Musek

Och wann den Titel vun hirer neier Plack eppes Aneres suggeréiert, sou huet d'Sharon Van Etten och mat hirem sechsten Album "We've Been Going About This All Wrong" nees op ganzer Linn ofgeliwwert.

e35.jpg
Otis Redding - Try A Little Tenderness

De Bobby Bieles ass Sample-Detektiv an erzielt d'Geschichte vu Lidder, deenen hir Bestanddeeler ëmmer nees an neier Form re-inkarnéiert goufen. Haut schwätze mer vum Otis Redding seng Interpretatioun vum Lidd "Try A Little Tenderness".

e34.jpg
Sly & the Family Stone - Sing A Simple Song

Ee vun de bekanntste Breaks, déi am Hip-Hop gesampelt goufen: op ganze 462 Lidder. D'Original koum 1968 eraus. De Bobby Bieles huet sech op d'Sich nom Sample gemaach.

No Metal in This Battle
Fënnefvéierel

"No Metal In This Battle" - e Quartett vu gesellege Pappen, déi an der KUFA spéit bis an d'Nuecht jammen. Alles ass erlaabt, ausser vläicht Reggae. Den Jamie Reinert war mam Mikro op enger Prouf derbäi.

e33.jpg
Sample vun der Woch

De Song "Say it Loud I'm Black and I'm Proud" ass 1968 um Album mam selwechten Numm bei King Records erauskomm. E gouf 224 mol gesampelt an ass bis haut ee vun de beléiftste Samples fir Hip-Hop-Producer.

Tëschegas
Fënnefvéierel

Zu Suessem um Späicher vum Centre culturel héiert een engagéiert Volleks-Metal-Musek: knaschteg Gittaren, réie Gesang an e Batteur, deen nawell zolidd op seng Tromme schléit. Mir huelen Iech mat op eng Prouf.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Saint-Malo: "Étonnnants Voyageurs"

    Saint-Malo ass déi Plaz, wou déi sougenannt ''littérature-monde'' gefeiert gëtt. Den 100,7 war bei der leschter Editioun vum Festival Étonnants Voyageurs am Juni dobäi.

  • Dossier: Cannabis-Legalisatioun

    Nach am Laf vun dësem Joer soll e legale Kader ausgeschafft ginn, fir e staatlech kontrolléierten Ubau vu Cannabis fir medezinesch Zwecker zu Lëtzebuerg méiglech ze maachen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen