Vum Concertssall an de Flüchtlingscamp
D'Fondatioun EME mat OPL-Museker an engem Flüchtlingscamp a Griichenland. De Manuel Ribeiro war mat de Museker bei de Workshoppen dobäi - Erfarungen, déi all déi Bedeelegt beréiert hunn.
D'Fondatioun EME mat OPL-Museker an engem Flüchtlingscamp a Griichenland. De Manuel Ribeiro war mat de Museker bei de Workshoppen dobäi - Erfarungen, déi all déi Bedeelegt beréiert hunn.
Am Juni 1989 kënnt dem Ex-Beatle säin néngte Soloalbum eraus. No méi more Joren, knäppt de McCartney mat dëser opwänneger Produktioun u fréier Succèsen un. Och mat Hëllef vun direkt néng Co-Produzenten.
Metronomy, Band Of Horses, Cat Power an Idles sinn déi grouss Nimm, mat deenen de Siren's Call e Samschdeg lackelt. Et geet bei esou engem Festival net just ëm d'Musek. Den Trend geet a Richtung global Experienz.
Den Album vun dëser Woch kann een eigentlech net zur Prime Time um Radio spillen. Den Album "Schlagenheim" vu Black Midi ass haart, onberechembar an net fir niewebäi ze lauschteren.
De Bill Callahan ass de Mann mat der onverkennbar dezenter Stëmm. Hien huet sech leschte Freide mat sengem Album "Shephard In A Sheepskin Vest" zeréckgemellt. Eisen Album vun der Woch.
De "Grateful Dead" hiren drëtten Album "Aoxomoxoa" feiert dëse Mount 50 Joer. Déi psychedelesch Gigante vu Palo Alto sprengen op dësem d'Konventioune vu Country a Rock. Eisen Déjà-Vu Album vun der Woch.
Op hirem fënnefte Longplayer "Reward" glänzt d'Cate Le Bon erëm mat klengen Diamante vu Lidder. Vu Song zu Song drénkt eng déif Verzweiwlung ëmmer méi staark duerch, fënnt d'Vicky Stoll.
Terror Twilight, déi lescht Plack vu Pavement feiert dëse Mount hiren 20. Gebuertsdag. De Marc Clement huet nach eemol op déi lescht Plack vun de Kalifornier zeréckgekuckt an erauslauschtert.
De Curt Smith ass zanter 1982 déi zweet Halschent vun Tears for Fears. Eng Aventure vu Frëndschaft, Erfolleg a Sech-Auserneeliewen, déi den Englänner oppen erzielt. De Marc Clement huet hie getraff.
E Loftgeräich huet de Concert vum OPL zesumme mat der Starpianistin Yuja Wang gestéiert. Trotzdem ass et de Museker gelongen de Publikum ze begeeschteren. De Luc Boentges war dobäi.
Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei.
Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.
Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen