Wat fréier alles net besser war
Den Damon Albarn an de Paul Simenon vun The Good, the Bad and the Queen erklären, firwat England haut op si wéi ee "Merrie Land" wierkt, wéi en almoudescht Lala-Lulu-Land.
Den Damon Albarn an de Paul Simenon vun The Good, the Bad and the Queen erklären, firwat England haut op si wéi ee "Merrie Land" wierkt, wéi en almoudescht Lala-Lulu-Land.
Zanter zéng Joer existéiere Zero Point Five. Dofir gëtt am Hierscht gefeiert. Aus hirem zweete Longplayer presentéiert d'Lëtzebuerger Folk Pop Formatioun déi éischt Single "Breeze".
Dee fuschneie Mixtape vu Blood Orange ass eng Fragmentsammlung, déi ze wäertvoll ass fir am Tirang vergiess ze ginn. "Angel's Pusle" charakteriséiert sech duerch seng Lëftegkeet a rekordverdächteg vill Melodien op engstem Raum.
Am Juli 1969 koum mat "Happy/Sad" dem amerikanesche Songwriter Tim Buckley säin drëtten Album eraus. Deen éischte mat exklusiv eegenem Material, fir dat den deemools 22järege sech Zäit hëlt.
Literatur trëfft Musek - eng däischter-douce Interpretatioun vum Kafka sengem fragmentaresche Roman "Amerika". De Jaroslav Rudiš huet zesumme mam Jaromír eng aussergewéinlech Band gegrënnt.
De fënneften Album vu Mega Bog exploréiert déi mythesch Iddi, datt e puer Mënschen am Laf vun der Evolutioun net u Land gaangen, mee am Waasser bliwwe sinn. Et ass eng Akrobatie vu musikalesche Genren.
E Samschdeg den 13. Juli trieden Newcomer aus der Lëtzebuerger Pop- a Rockzeen an der Rockhal op. Wie verstoppt sech hanner den aacht Nimm? Mir stelle se vir.
Déi kubanesch Formatioun Connexion Cubana presentéiert hiren neien Album "La Maravilla" den 11. Juli live am Brunnenhof zu Tréier. De Fred Medernach huet eragelauschtert.
Am September kënnt d'Aktivistin a Musekerin op Lëtzebuerg. E Gespréich iwwer Fraerechter, Mamm sinn a gesellschaftlechen Engagement. Den Yves Stephany huet sech mat hir ënnerhalen.
Dem britesche Quintett Hot Chip war 2006 mam Album "The Warning" den Duerchbroch gelongen. Elo melle si sech zeréck mat engem neien Disk mam provokativen Titel "A Bath Full Of Ecstasy".
Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei.
Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.
Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen