Musek

sfsmedia_adams__cover[1].jpeg
Klassik CD-Tipp: Absolute Jest / Grand Pianola Music

Et spiert een däitlech, datt de Michael Tilson Thomas a säi San Francisco Symphony Orchestra beschtens mam John Adams senger Musek vertraut sinn.

Kim.jpg
CD-Tipp

Um Sunwook Kim senger neier CD mat de Sonaten Nr 21 op. 53 „Waldstein“ an Nr 29 op. 106 „Hammerklavier“ ass vill vum Beethoven sengem onrouege Charakter ze spieren.

Charel Stoltz.jpg
Musek-Produzent

E groussen Deel vun der Lëtzebuerger Rock- a Pop-Musek gëtt vum Charel Stoltz opgeholl. De Produzent gëtt Ablécker a seng Aarbecht. A schwätzt och iwwer déi psychologesch Komponent vun der Musek.

brad_home.jpg
Brad Mehldau: 10 Years Solo Live

Mat der Kompilatioun "Ten Years Solo Live" kuckt den Jazzpianist Brad Mehldau op seng Optrëtter aus de leschten zéng Joren zréck. Mat drop: „Smells Like Teen Spirit“, opgeholl 2010 am Stater Conservatoire. 

pit dahm-3.jpg
Pit Dahm Trio

De Pit Dahm Trio schafft u sengem Debut-Album. De Lëtzebuerger Batteur krut dofir zu Diddeleng ee Concerts-Sall zur Verfügung gestallt. De Manuel Ribeiro huet d’Museker bei den Opname begéint.

gei.jpg
Komponist vum Mount

Virun 125 Joer kënnt de Bohuslav Martin zu Policka op d'Welt. Béimen a seng Kultur sinn déi éischt Aflëss, mat deene sech eise Komponist vum Mount ausenanersetzt.

Ida Sand
Album vun der Woch

D'Kombinatioun ass net evident: déi schwedesch Jazz-Sängerin Ida Sand covert eng Dose Lidder vum Neil Young. Mee déi kanadesch Legend dierft mam Resultat vu 'Young At Heart' duerchaus zefridde sinn. 

Leopold Hager.jpg
Leopold Hager am Gespréich

Viru Kuerzem huet de Leopold Hager an der Philharmonie déi 6. Symphonie vum Anton Bruckner dirigéiert. De Guy Engels huet mat dem laangjärege Chefdirigent iwwer seng Zäit zu Lëtzebuerg a seng Léift fir de Mozart geschwat.

ToshioHosokawa.jpg
Den Toshio Hosokawa zu Lëtzebuerg

Den Toshio Hosokawa ass ee vun deene bedeitendsten zäitgenëssesche Komponisten. D’Europapremière vu sengem neiste Wierk „Nach dem Sturm“ – an deem et ënnert anerem ëm Fukushima geet – war zu Lëtzebuerg.  

Christoph König
Solistes Européens Luxembourg

Den Orchester Solistes Européens, Luxembourg spillt zu onrecht déi zweet Gei, fënnt de Christoph König. Den Dirigent fuerdert méi Unerkennung a wëll den Ensemble international positionéieren.

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen