Musek

Jeff Herr-4636.JPG
Musikalesch Visttekaart

Drummer? Och! Jazzdrummer? Och! Einfach Museker, seet de Jeff Herr, deen d'musikalesch Playlëscht fir eng Stonn op d'Bee gesat huet.

Madelieine Peyroux (photo by Shervin Lainez).jpg
Album vun der Woch

"Secular Hymns" heescht eisen neien Album vun der Woch, e kënnt vun der Amerikanerin Madeleine Peyroux. De Motto: "Manner ass méi". Déi zéng Titelen si gréisstendeels akustesch, opgeholl an enger Kierch.

Cleveland
Elektronesch Musek

De Produzent Cleveland wäert am Januar um Eurosonic Festival optrieden. De radio 100,7 huet den Artist fir dee wichtege Showcase-Event selektionéiert. Dësen Optrëtt kéint him grad nach gefeelt hunn.

Musek-Streaming
Wirtschaftschronik

Musek-Streaming a Piratage veränneren de Geschäftsmodell vun der Museksindustrie weltwäit. Fréier si Museker wéi de Mick Jagger oder de Prince mat hirer populärer Musek räich ginn. Dat war emol.

Wilco
Rock a Pop

"Schmilco" ass deen zéngten Album vun der amerikanescher Rockband "Wilco". Et ass ee gréisstendeels akusteschen Disk. D'Country-Wuerzele vun der Formatioun vun Chicago schwéngen nach ëmmer mat.

Nicolas Palumbo a Laetitia Koener vu "Go By Brooks"
Musek vu Lëtzebuerg

D'Lëtzebuerger Formatioun "Go by Brooks" bréngt een neien Album eraus. Si erklären, wou si hir Inspiratioun hirhuelen, a firwat si frou mat Waasser sinn. Lauschtert een exklusiven akustesche Set.

Nick Cave.jpg
Neien Album

Nom Doud vu sengem 16 Joer ale Kand huet de Nick Cave d'Fro nom "Firwat" um Album "Skeleton Tree" veréiwegt. Nach ni war d'Eidelsinn esou perséinlech. Den Album ass eng Zort Trauerbewältegung.

Aurélie Fontaine
Musek-Export

D’Aurélie Fontaine ass zënter kuerzem déi nei Project-Managerin vu "Music: LX". Wéi fonctionnéiert de Lëtzebuerger Export-Bureau? A wéi kann een als Kënschtler vun hinne gefërdert ginn?

Friedrich Spangemacher
Rentrée beim 100,7

Wéi klengt déi sougenannte Nei Musek? Wat fir eng Ensembele spillen zäitgenëssesch Musek a wou komme si hir? De Friedrich Spangemacher proposéiert Matschnëtter vu pertinenten a spannenden Ensembelen.

Guy Engels-2.JPG
Rentrée beim 100,7

Dir lauschtert gäre klassesch Musek? Dann ass "Resonanzen" déi richteg Emissioun fir Iech. De Guy Engels erzielt, wat d'Nolauschterer vun der Rentrée un all Dag um 14 Auer erwaart.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Saint-Malo: "Étonnnants Voyageurs"

    Saint-Malo ass déi Plaz, wou déi sougenannt ''littérature-monde'' gefeiert gëtt. Den 100,7 war bei der leschter Editioun vum Festival Étonnants Voyageurs am Juni dobäi.

  • Dossier: Cannabis-Legalisatioun

    Nach am Laf vun dësem Joer soll e legale Kader ausgeschafft ginn, fir e staatlech kontrolléierten Ubau vu Cannabis fir medezinesch Zwecker zu Lëtzebuerg méiglech ze maachen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen