Den Ivan Boumans kritt de Composer Award
Op Virschlag vum radio 100,7 a vu pizzicato.lu kritt den Ivan Boumans de Composer Award 2020. De Präis fir d'Liewenswierk geet dëst Joer un d'Pianistin Elisabeth Leonskaja.
Op Virschlag vum radio 100,7 a vu pizzicato.lu kritt den Ivan Boumans de Composer Award 2020. De Präis fir d'Liewenswierk geet dëst Joer un d'Pianistin Elisabeth Leonskaja.
De Wanter ass nach net eriwwer, mee Pinegrove loossen dem Titel vun hirem neien Album no d'Fréijoer scho liicht opbléien. "Marigold", d'Calendula Blumm, ass allerdéngs net ëmmer mam Positive verbonnen.
E Grunge-Lidd als Rappell sech um Rimm ze rappen. Op der éischter offizieller Single vu Francis of Delirium geet déi 18 Joer jonk Musekerin op d'Sich no gesond Gedanken a Bedeitung am Liewen.
D'Baiba Skride interpretéiert dem Prokofjew säin zweete Geieconcerto zesumme mam OPL ënner der Direktioun vum Jukka-Pekka Saraste. Zweet Wierk um Programm ass dem Schostakowitsch seng aacht Sinfonie.
De Solo-Klarinettist vum SWR Sinfonieorchester Dirk Altmann iwwerzeegt mat senger Interpretatioun vum Wolfgang Amadeus Mozart sengem Klarinettequintett a sengem Klarinetteconcerto.
Eng onscheinbar Literaturvertounung erschléisst am Joer 1964 dem Léo Ferré nei musikalesch Horizonter. Ee klasseschen Tableau, aus deem Spriechgesang an einfach Melodien erausstiechen.
Den Eurosonic Festival ass wéi eng grouss Foire fir nei alternativ Musek. Iwwer 340 verschidden Artisten a Bands trieden a véier Deeg op, an iwwer 4.000 Professioneller aus der Branche komme kucke fir déi Talenter ze entdecken.
Ronn 600 Lieder huet de Franz Schubert komponéiert. Den Zyklus "Die Winterreise" huet sonner Zweiwel eng besonnesch Plaz a sengem Wierk an och an der romantescher Musek.
Elektronesch Musek viru Publikum am intime Kader vum Radiostudio: Dat sinn d'Elodie Sessions. Den nächsten Invité ass Dankwart. Hie beschäftegt sech domat, wéi seng Musek op de Kierper vum Mënsch wierkt.
Méi anescht wéi "The Wall" geet et net - Field Music revisitéieren de sozialpoliteschen, historesche Konzeptalbum a rëselen dobäi vill Interessantes aus dem Aarm. Et ass en historesche Konzeptalbum.
Eng extrem kuerz musikalesch Karriär, déi enk mat massivem Drogekonsum ze dinn huet. Ufank Januar 1970 koum dem Syd Barrett säi Release "The Madcap Laughs" op de Maart.
Am Joer 2020 eng Zeitung erauszebréngen ass net einfach. Déi geschriwwe Press ass wéinst dem Internet an neie Gewunnechte vun de Lieser a Lieserinne mat enger Baisse vun de Verkafszuele a vum Ëmsaz konfrontéiert.
Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.
Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen