Kultur

Red Dot Filmkritik
Netflix

E romantesche Weekend, dee schif ausgeet: de schweedesche Thriller "Red Dot" spillt am Ufank clever mam Spectateur senge Virurteeler, rëtscht duerno an eng brutal a pervers Duerstellung vu Selbstjustiz.

Kino unsplash.jpg
Kino

Dës Woch um Programm: de Thriller 'The Secrets We Keep', wou eng Fra sech nom Zweete Weltkrich un hiren Nopere well rächen, 'Poissonsexe' a wéi ee Biolog léiert, Papp ze sinn an d'Drama 'Yellow Cat', wou Leit aus hirem kriminelle Liewe wëlle rausklammen.

city-deep-min-1806x1280.jpg
MUDAM

De William Kentridge ass ee vun de wichtegste Kënschtler vun eiser Zäit. D'Ausstellung vu senge Wierker am MUDAM iwwerzeegt duerch d'Panoplie vu sengem Schafen an als Stäip an der aktueller Pandemie.

Billie Scott
GEZEECHENT

"The Impending Blindness of Billie Scott" vun der Zoe Thorogood erzielt vun enger jonker Kënschtlerin virun hirer éischter grousser Expo. Eng Verletzung un den Ae gëtt hir zwou Wochen Zäit fir zéng friem Leit ze portraitéieren.

Tom Reisen - Miroir ambulant Buchkritik
Literatur

Dem Tom Reisen säin éischte Roman "Miroir ambulant" beschreift eng surrealistesch Enquête iwwer Identitéit. En imaginativen Traitement, deen abstrakt Problemer gräifbar mécht.

Nathalie Ronvaux
AutorInne-Lies

D'Lady Rosa an een Chesterfield sinn am Moment der Nathalie Ronvaux hir literaresch Aktualitéit. Fir eis Serie AutorInne-Lies huet d'Valerija Berdi d'Nathalie Ronvaux besicht.

Below Zero Filmkritik
Netflix

De spuenesche Thriller ''Below Zero" (Bajocero) vum Lluís Quílez ass eng net oninteressant Variatioun op de klassesche Genre vum Fluchtfilm - bis d'Theema vun der Selbstjustiz mat erakënnt.

Ivo Andric - Insomnia Buchkritik
Literatur

Schlofen, wakereg sinn, eigentlech eng Dichotomie - mee wat, wann et nach en drëtten Zoustand gëtt? Am aphoristesche Sammelband vum Ivo Andrić dréit sech alles ëm d'Insomnie.

DE-GUDDEN-TOUN
De Gudden Toun

Op Vältesdag, sou gelungen dat och ass, mécht sech dann eng reng Männer-Ekipp De Gudden Toun streideg. Theema ass: "Me, Myself and I! Wat dir nach ëmmer iwwer Männer wësse wollt."

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen