Beethoven-Radio
Virun 250 Joer - oder dorëmmer - ass hien op d'Welt komm, de Ludwig Van Beethoven. Gestuerwen ass hien ... ni richteg. En Hommage vum B-Radio un dee "verréckte Genie".
Virun 250 Joer - oder dorëmmer - ass hien op d'Welt komm, de Ludwig Van Beethoven. Gestuerwen ass hien ... ni richteg. En Hommage vum B-Radio un dee "verréckte Genie".
De 27. Januar gouf vun de Vereenten Natiounen zum Internationalen Dag vun der Erënnerung un d'Affer vum Holocaust deklaréiert. Och zu Lëtzebuerg sinn eng ganz Rei Manifestatiounen an deem Kader organiséiert.
Filmkritik
"La Llorona" vum Jayro Bustamante behandelt den Trauma vun der Militärdiktatur am Guatemala, aus der Perspektiv vun den Täter. De Verweis op eng mythesch Figur schaaft en Hauch vun Iwwernatierlechem.
Wien denkt, Märercher wieren almoudesch oder all d'selwecht: d'Luisa Bevilacqua léisst an de Rotondë mam Objetstheater "EI, EI, EI?!" déi al Traditioun vun der Erzielkonscht nei opliewen.
Interview
Ronn 500 Projete goufen agereecht, déi ze evaluéiere sinn, d'Abanne vun der Populatioun ass nach net richteg amgaang, an et goufen nei Rekrutementer. Wou steet Esch 2022? D'Nancy Braun, Generaldirectrice vun Esch 2022 am Gespréich.
Interview mat der Ada Ackerman, Co-Kuratorin vun der Expo "L'Oeil extatique. Sergueï Eisenstein, cinéaste à la croisée des arts", déi nach wärend engem Mount am Centre Pompidou zu Metz ze gesinn ass.
Zäitgenëssesch Konscht ass net ëmmer déi Zougänglechst. D'Lara Bousch huet sech mam Lëtzebuerger Kënschtler Roland Quetsch getraff a gëtt eis en Abléck a säi Wierk, dat fir de Moment an der Galerie Ceysson et Bénitière ze gesinn ass.
De Miljenko Jergović hat sech fir säin 2006 verëffentlechte Roman "Ruta Tannenbaum" un der tragescher Geschicht vun der jonker kroatescher Theaterschauspillerin Lea Deutsch inspiréiert.
Filmkritik
D'Kritik u Machismus, Korruptioun, u blannem Glawen, de Bléck fir absurd Situatioune schéngen zwar déi typesch Ingredienze vum moderne rumänesche Film ze sinn, mee de Porumboiu spillt gekonnt mat dësem Mix.
Wann déi bescht Frendin ufänkt en Alkoholsproblem ze entwéckelen, muss een als gutt Frendin agräifen. D'Regisseurin Sandra Reitmayer huet der Rebekka Kricheldorf hiert Stéck "Intervention" op d'Bün vum Kasemattentheater bruecht.
Mam LSAP-Vize-Premier schwätze mir iwwer seng eegen Zukunftspläng an déi vun der blo-rout-grénger Regierung.
D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen