
D'Liewe vun engem Schwärmer
Den epesche Roman "L'Arc di Marianna" (Editions Guy Binsfeld) erzielt eng tragesch Libesgeschicht. De Jean Back huet sech ganz vill virgeholl. Sengen Ambitioune gëtt hie bei Wäitem net gerecht.
Den epesche Roman "L'Arc di Marianna" (Editions Guy Binsfeld) erzielt eng tragesch Libesgeschicht. De Jean Back huet sech ganz vill virgeholl. Sengen Ambitioune gëtt hie bei Wäitem net gerecht.
"Wat ass e Buch? Bakteriell betruecht weider näischt wéi de blanken Horror." Eelef Geschichten an Erzielungen mat hire ganz aussergewéinlechen an op déi eng oder aner Aart a Weis beréierende Protagonisten, huet d'Valerija Berdi gelies.
Zwee Androide verfollegen iwwer 300 Joer d'Entwécklung vun de Mënschen an der Äerd. D'Zukunft, déi de Bablet eis weist, ass eng Verlängerung vun eiser Géigewaart. Eng BD, déi sech lount, fënnt de Jeff Thoss.
Nei-Interpretatioun vun engem literareschen Archetyp a Sich no de Quelle vu senger Beruffung: dem Pierre Joris seng Poesie- a Prosasammlung ''Fox-trails, -tales & -trots'' (Black Fountain Press).
Dat autonoomt Liewen als - männleche - Student ass net einfach. Déi kreativ amerikanesch ''nano-budget''-Komedie ''Green House" geheit en ironesche Bléck op dës kruzial Liewensperiod.
"Captcha a Parterre" heeschen déi zwee Stécker, déi de Michel Clees a senger Autoreresidenz am TNL geschriwwen huet, an déi a Buchform erauskoumen. Eng Erausfuerderung, fënnt d'Valerija Berdi.
Valérie Quilez an Diane Tobes sinn déi zwou nei Coordinatricë vu Kultur:LX. D'Valerija Berdi huet iwwer dëse Choix mat der Catherine Decker, der Presidentin vum Verwaltungsrot vu Kultur:LX geschwat.
A sengem neie Roman "Die Lombardi-Affäre" weist de Guy Helminger, wéi en Afloss de berüümte Sak Räis, deen a China ëmfält, déi Lëtzebuerger Konschtzeen beaflosst, an do feelt et net u méi oder nach méi bekannte Protagonisten.
Zwee, déi sech fonnt hunn: mam Schrëftsteller Samuel Hamen a mam Zeechner Marc Angel hu sech zwou Generatioune vu Kënschtler zesummegedoen, fir eng originell hybrid Form ze schafen.
Schrëftsteller hätten haut nach ëmmer mat ville Virurteeler ze kämpfen, datt hiert Schreiwen als e léiwen, awer onwichtegen Hobby ugesi gëtt. Wéi geet et dem Lëtzebuerger Buch?
Dem Jean Portante seng nei Serie stellt Kompositiounen a Lidder vir, Wierder a Kläng, déi der Weltpoesie eng nei Dimensioun ginn a se dem Publikum méi no bruecht hunn.
De CinEast-Festival weist eng Selektioun vu mëttel- an osteuropäesche Filmer. Déi 13. Editioun ass wéinst der Covid-Pandemie eng hybrid: d'Filmer gi souwuel um groussen Ecran wéi och online gewisen.
D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen