Kultur

Le Chien jaune
Liestipp

E Kriminelle versetzt eng kleng bretonesch Hafestad a Panik - an ëmmer ass grad dee schappege gielen Hond an de Féiss! "Le Chien jaune" (1931) vum Georges Simenon gehéiert zu de Maigret-Klassiker.

Luis Sepulveda.jpg
Corona-Pandemie

De 16. Abrëll ass de chileenesche Schrëftsteller, Friddens- an Ëmweltkämpfer Luis Sepùlveda am Alter vu 70 Joer un de Folgen vu COVID-19 gestuerwen. D'Valerija Berdi hat sech 2017 mat him ënnerhalen.

Anne Hathaway FILMKRITIK
Nei Filmer

Eng amerikanesch Journalistin geréit an en illegale Waffenhandel tëschent den USA an Nicaragua. D'Verfilmung vum Joan Didion-Roman "The Last Thing he Wanted" ass op Netflix ze gesinn.

Feel Good
Seriekritik

D'Serie "Feel Good" ass zur Zäit op Netflix ze gesinn a wien e Fan vun der Mae Martin ass fënnt och empfeelenswäert Videoe vun hirer Stand-Up-Komedie op YouTube. D'Lara Bousch huet sech d'Serie ugekuckt.

16ca6722-5d9f-4af9-8579-3ab13ae038fb.jpeg Exklusiv
Kappkino

Op Ouschterméindeg proposéiert Iech de radio 100,7 exklusiv e Lauschterstéck vun der Claudine Muno fir gutt an de Feierdag eranzekommen.

Dillenburg
Kultur

Zwee wichteg lëtzebuergesch Kënschtler hunn eis am Fréijoer 2020 verlooss. Kuerz no der Ger Maas ass de Moler Henri Dillenburg gestuerwen. De Lucien Kayser iwwer dem Henri Dillenburg seng Konscht.

De CNL-YouTube-Channel fir Literatur
Auteureliesungen

Den nationale Literaturarchiv luet Auteureliesungen op e YouTube-Channel fir Schrëftsteller an Editeuren aktuell ze ënnerstëtzen. Do ginn Dag fir Dag nei Auteureliesungen als Clip eropgelueden.

Rusty Boys Still
Kultur

D'Theaterstécker "Äddi Charel", "Grouss Vakanz", "Margréitchen" E Stéck Streisel", "Léiwe Kleeschen" "Kiischtebléien" a vill weiderer stamen aus der Fieder vum Pol Greisch. Den Auteur an Acteur kritt haut 90 Joer.

Hamilius.JPG
Sachbuch

De fréieren DP-Politiker Jean Hamilius verëffentlecht ''Au fil des années. Réactions et réflexions (2015-2019)'', eng Sammlung vu politesche Kommentaren, déi hien op sengem Internet-Blog gepost hat.

Benjamin Maack Benne Ochs
Literatur

Den däitsche Schrëftsteller Benjamin Maack beschreift a sengem Buch "Wenn das noch geht, dann kann es nicht so schlimm sein", d'Erfarungen déi hien a senger Depressioun duerchmécht.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen