Kultur

Resistenzmusée
Geschicht

"Musée national de la résistence et des droits humains". Neien Numm, neie Logo, deelweis nei Ausriichtung: de Resistenzmusée op der Escher Brillplaz wäert seng Dieren an Etappen nees opmaachen.

Bicher
Lëtzebuerger Literatur

D'Shortlëscht vum Lëtzebuerger Buchpräis ass eraus: nominéiert si 16 Bicher a véier Kategorien. Dëst Joer gëtt et eng Shortlëscht vum Designpräis. D'Gewënner ginn den 18. November zu Walfer bekannt.

Miracle CinEast
Film

Drama an Humor suergen am Kino dacks fir wëllkomm Ofwiesselung an Erliichterung. De Michel Delage, deen de CinEast-Festival fir de Radio 100,7 suivéiert, hei mat weidere Kuerzkriticke vu Filmer.

Tom Leick-Burns
Sot Emol

2015 war fir den Tom Leick-Burns e wichtegt Joer. Aus dem Tom Leick ass den Tom Leick-Burns ginn, wéi hie säi laangjärege Partner bestuet huet. Toleranz a Gläichberechtegung huet den Theaterdirekter um eegene Laif erlieft.

Jan Wagner - Der glückliche Augenblick Buchkritik
Jan Wagner - Der glückliche Agenblick

De Jan Wagner weist Méiglechkeeten, déi d'Lyrik bereetstellt, fir d'Welt mat aneren Aen ze betruechten. Wie sech vun dësen Texter afänke léisst, dee gëtt ouni Zweiwel gefesselt, mengt de Léon Rinaldetti.

Sandi Pavlin am slowenesche Film "San Remo" Cineast
Film

De Michel Delage mat kuerze Kritike vu Filmer, déi en dëser Deeg um CinEast, dem Festival vum mëttel- an osteuropäesche Kino gesinn huet.

B-Radio "Sécherheet"
B-Radio

Fauschtreegel am Journalismus: En Hond, deen e Mann bäisst, dat ass keng Noriicht; awer e Mann, deen en Hond bäisst, ass eng... Déi nei Episod vum B-Radio, Radio fir besuergte Bierger!

Barry Windsor-Smith - Monsters
Barry Windsor-Smith - Monsters

Ganzer 35 Joer soll de Barry Windsor-Smith un "Monsters" geschafft hunn - den Opus Magnum ass 366 Säite schwéier. En duerchwuessent Buch, mat mol faszinéierenden a mol oninspiréierte Passagen.

My Salinger Year Filmkritik
Nei am Kino

Am Donstkrees vum berüümte Schrëftsteller J.D. Salinger léiert eng jonk Literaturagentin hiren eegene Wee ze goen. "My Salinger year" ass eng idealistesch Komedie, agreabel ze kucken.

 

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen