''frEsch''e Wand fir déi Escher Kultur?
Wärend och zu Esch dat kulturellt Liewe lues a lues aus dem Confinement eraus kënnt, sollen dräi nei Institutiounen an eng asbl. d'Minett-Metropol an Zukunft beräicheren - iwwer d'Kulturhaaptstad eraus.
Wärend och zu Esch dat kulturellt Liewe lues a lues aus dem Confinement eraus kënnt, sollen dräi nei Institutiounen an eng asbl. d'Minett-Metropol an Zukunft beräicheren - iwwer d'Kulturhaaptstad eraus.
Zanter dem 1. Mee ass den Dr. Ralf Beil neie Generaldirekter vum Weltkulturierwen "Völklinger Hütte" Am Moies-Magazin léiert der hie kennen. De Jean Claude Majerus féiert duerch d'Gespréich.
Filmkritik
Wat maache mat engem Verméigen, dat engem esou an de Schouss fält an een nëmme mat Lige kann halen? Dëse moraleschen Dilemma steet am Mëttelpunkt vum amerikanesche Thriller "Dangerous lies".
Mat sengem Gedichtband "in die augen, in die ferne, still ins ohr" war de Lëtzebuerger Dichter Pit Hoerold op d'Shortlëscht fir de Servais-Präis nominéiert. D'Buch ass absolut derwäert entdeckt ze ginn
Déi zwee vun der Asbl "Maach keen Zirkus" iwwer Zirkus a méi. Firwat nennt de Marc Strasser seng Asbl "Maach keen Zirkus"? A wien ass den Jonn Happi? D'Nathalie Bender féiert duerch d'Gespréich.
Den Francis Kirps ass de Gewënner vum Servais-Präis 2020. Die Mutationen, eng Sammlung vu siwe Geschichten an engem Gedicht, konnt d'Jury iwwerzeegen. Mir hu mat der Presidentin vum Jury a mam Auteur geschwat.
Viru 75 Joer huet d'Kannerbuchschrëftstellerin Astrid Lindgren déi éischt Editioun vum Pippi Langstrumpf erausbruecht. Mir presentéieren aus eisen Archiven en Interview mat zwee Kannerbuchexperten.
Hire Roman noir "Cinq cartes brûlées" huet den 20. Mee de Prix Landerneau polar kritt. D'Nathalie Bender huet sech mat der Sophie Loubière ënnerhalen.
Am Buch "Die Toten von Spoon River" léisst den Edgar Lee Masters déi verstuerwe Matbierger aus senger Heemechtsstad erëm zu Wuert kommen. Déi profitéieren a vollen Zich vun der Geleeënheet, well si déi allgemeng Hypokrisie net méi néideg hunn.
E Comic-Essai iwwer Léift, dee Philosophie, Soziologie, Geschicht a Popkultur verbënnt, mat ville wichtege Gedanken a Froen, déi een ureegen, doriwwer nozedenken.
Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei.
Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.
Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen