"Le Consentement" gouf publizéiert
A Frankräich ass nees eng Polemik ëm den ëmstriddene Schrëftsteller Gabriel Matzneff opgeflaamt. Déi 47 Joer al Vanessa Springora beschreift an engem Buch, wéi si Mëtt den 1980er am Alter vu 14 Joer seng "Maîtresse" gouf.