D'Regierung plangt eng Declaratioun iwwert d'Zukunft vun de sektorielle Pläng
Ob déi sektoriell Pläng zeréckgezu ginn, fir se no ze besseren, ass weiderhin onkloer. An der Emissioun Riicht Eraus sot d’Logement- a Kulturministesch Maggy Nagel datt d’Regierung nächst Woch eng Deklaratioun dozou mécht. Wat do wäert ugekënnegt ginn, wollt d’Ministesch awer nach net am Detail soen. Si ass der Meenung datt een nei Weeër muss fanne fir déi sektoriell Pläng unzepaken an se ze realiséieren.