Kultur

thumb_53345_default_big[1].jpg Exklusiv
Festival

De Museks-Festival “Food for your senses” soll am Summer 2017 op engem Kierchbierger Site nieft den RTL-Gebaier organiséiert ginn. Do wou d’Rolling Stones am Kulturjoer 1995 opgetruede waren.

die schöne Olessja
Literaresch Rares

Eng Hex, eng romantesch Bezéiung, mee och vill Kritik un der russescher Gesellschaft. All dat stécht am Alexander Iwanowitsch Kuprin senger Erzielung. Summer-Tipp vum Valerija Berdi!

20160721-araki bondage-7.JPG
Fotografie

D'Fotoe vum Japaner Nobuyoshi Araki splécken d'Gesellschaft. A Japan gëtt de Kënschtler gefeiert wéi e Star. Am Weste gëtt seng Konscht dacks als Pornografie bezeechent.

Azarel
Literaresch Rares

Wéi "Azarel" 1937 erauskoum, war d'Buch staark ëmstridden. Haut ass dem Károly Pap säi Roman dem grousse Public awer dacks kee Begrëff. Dobäi ass "Azarel" e Meeschterwierk, fënnt d'Valerija Berdi.

20160716-rené lauer morgan meyer -0291.JPG
Musek

Den Duo “Plakeg oder Ugedoen” huet am Casino en interaktive Concert fir Kanner an hir Eltere gespillt. Gespréich mat zwee Erwuessenen, déi selwer Kanner bliwwe sinn a sech z’ameséiere wëssen.

Tardi Grange.jpg
Austellung a Concert

Déi franséisch Kënschtlerkoppel Jacques Tardi an Dominique Grange waren zu Lëtzebuerg op Besuch fir hir Lidder ze presentéieren. Dobäi hu si en déifgräifende Plaidoyer géint de Krich ofgeliwwert.

Dendrite.JPG
Konscht am ëffentleche Raum

De Kierchbierg soll net just Aarbëchtsraum mee och Liewensraum sinn. Dat gëtt awer dacks iwwersinn. Dofir probéiert de Fonds Kirchberg iwwert d'Konscht de Bléck op d'Gréngs ze zéien.

Filip Markiewicz
Filip Markiewicz

De Filip Markiewicz ass e villsäitege Kënschtler: Hien zeechent, dréint Filmer a mécht Musek. Seng Konscht ass dacks gesellschaftskritesch. Eng Moralpriedegt wéilt hien awer net halen.

konter.jpg
Bande Dessinée

Fir déi 23. Kéier hunn national an international Comicfans sech de Weekend vum 16. a 17. Juli um "Festival International de la Bande Dessinée" zu Konter getraff. E Fest fir déi "néngte Konscht"!

summerdag cnl.JPG
Literatur

Summer, Sonn a Literatur. Am Mierscher Literaturhaus hu Lëtzebuerger Romancieren an Dichter aus hire rezente Wierker gelies a sech mat Literaturkritiker iwwer hiert Schreiwen ënnerhalen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Dossier: Relatiounen tëscht Portugal a Lëtzebuerg

    Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun ass den Ament zu Lissabon. An eisem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.

  • De Krich an der Ukrain

    De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen