
65 Joer Mickey-Mouse-Hefter
Wien huet net schonn ee Mickey-Mouse-Comic gelies? Viru 65 Joer ass dat éischt Heft an eise Géigenden op de Marché komm.
Wien huet net schonn ee Mickey-Mouse-Comic gelies? Viru 65 Joer ass dat éischt Heft an eise Géigenden op de Marché komm.
Deen neie Film vum Maren Ade verbënnt den Eescht vum Liewen mam Esprit vun der Screwball-Komedie an humanisteschstem Nonsense. "Toni Erdmann", d'Gëlle Palm vun den Häerzen, leeft elo am Kino.
Direkt zwee Präisser krut d'Lëtzebuerger Film "Noces" um Filmfestival zu Angoulême. Ausgezeechent goufen d'Schauspiller Sébastien Houbani a Lina El Arabi. De Film hätt gutt op d'Plaz gepasst.
De Bruno Schulz erënnert sech als Erwuessenen a sengem Roman "Die Zimtläden" u seng Kandheet. Mat philosopheschen Iwwerleeunge stellt den Auteur d'Bedeitung vu Sprooch, Erënnerung a Realitéit a Fro.
Am Kader vun engem Workshop hu Flüchtlingen eng Woch laang gedanzt, Musek gemaach an e Bühnebild krééiert. De Projet "Nobody Told Me" ass awer méi, wéi nëmmen eng reng Beschäftegung fir Refugiéen.
Wann een hir Fotoe kuckt, kann een net onberéiert bleiwen. D'Darcy Padilla huet mat hirem Laangzäitprojet iwwer déi krank an drogesüchteg Julie Baird eng touchant an impressionant Aarbecht hannerlooss.
Op engem Gebai um Kierchbierg läit e faarwegt Raster. "Global Village", esou heescht d'Fassad, an déi de Paul Kirps d'Jean Monet T. Gebai vun der Europäescher Komissioun agepaakt huet.
De Ben Okri verbënnt am Roman “Die hungrige Strasse” den haarden Alldag an engem nigerianesche Slum mat enger Welt vu Geeschter. E Roman dee mol traureg an tragesch ass, awer och voll Liewesfreed an Humor.
Verspillt, bedenklech, witzeg a seriö gëtt Sexualitéit an der neier Kinoswoch duerchdeklinéiert. Déi nei Kinoswoch versprëcht sënnlech ze sinn. Et ass derwäert fir d'Schueberfouer ze schwänzen.
D'Anthologie-Serie "The Twilight-Zone" erzielt fantastesch Geschichte fir Erwuessener. An 156 Episode goufe Geschichten aus enger neier Dimensioun gewisen ... wait ewech vun all deem, wat mir kennen.
De radio 100,7 sicht een/eng Kandidat:in fir e journalistescht Volontariat wärend 24 Méint.
Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun ass den Ament zu Lissabon. An eisem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.
De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht.
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen