Kultur

De Marc Olinger ass dout. D'lëtzebuerger Theaterzeen verléiert mat him ee vun deene ganz Groussen, deen als Acteur, Regisseur, Direkter a virun allem als Pionéier den Theater zu Lëtzebuerg wéi kaum een anere markéiert huet.

Nodeems de Congé Culturel duerch de Vote an der Chamber ofgeschaaft gouf, soll en an enger neier Form nees agefouert ginn.

Een deen am Ausland un engem Festival deelhëlt, ausstellt, Theater spillt, asw., dréit derzou bäi, datt Lëtzebuerg dobaussen net just als reng Finanz- a legal Stéierhannerzéiungs-Plaz opgefaasst gëtt: eppes, wat mer jo anscheinend ustriewen.

D’Gemeng Walfer finanzéiert dës Manifestatioun ganz eleng ouni Subsid vum Kulturministère. D’Bicherdeeg wieren awer och näischt ouni déi vill verschidden Akteuren aus dem Buch-Secteur, an ëmgedréint sinn och si op dëse grousse nationale Rendezvous um drëtte Weekend am November ugewisen.

Déi 20. Walfer Bicherdeeg hunn hiren Anniversaire leschte Freideg mat enger Séance Académique gefeiert. Bei där Geleeënheet huet den Direkter vum Nationale Literaturarchiv, de Claude D. Conter eng Analyse vun dësem grousse nationale Rendezvous vum Buch gemaach, a besonnesch de Event- a Floumaart-Charakter kritiséiert.

Ob déi sektoriell Pläng zeréckgezu ginn, fir se no ze besseren, ass weiderhin onkloer. An der Emissioun Riicht Eraus sot d’Logement- a Kulturministesch Maggy Nagel datt d’Regierung nächst Woch eng Deklaratioun dozou mécht. Wat do wäert ugekënnegt ginn, wollt d’Ministesch awer nach net am Detail soen. Si ass der Meenung datt een nei Weeër muss fanne fir déi sektoriell Pläng unzepaken an se ze realiséieren.

Dem Enrico Lunghi seng Reaktioun op déi geplangt “Synergien” am Beräich vun der zäitgenëssescher Konscht – dat heescht enger envisagéierter Fusioun tëscht dem Casino-Forum d’art contemporain an dem Mudam (Musée d’Art Moderne Grand-Duc Jean)

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen