Kultur

Jeff Schinker
Autorinne-Lies

"Journalistescht a schrëftstellerescht Schreiwe si grondverschidden!", seet de Jeff Schinker. Nieft senger Aarbecht als Kulturjournalist beim tageblatt schreift hien Theaterstécker, Romaner an Erzielungen.

Ulrike Bail - wie viele faden tief
Ulrike Bail - wie viele faden tief

Bei der Ulkrike Bail kritt Bitzen eng ganz nei Bedeitung. "wie viele faden tief" (Conte Verlag) heescht dat rezent Gedichtband vun der dësjäreger Gewënnerin vum Nationale Literaturconcours.

Die Kunst des Mittagsschlafs
Buchbesprechung

Der französische Philosoph Thierry Paquot ist ein leidenschaftlicher Mittagsschläfer und hat seiner Passion ein Buch gewidmet, in dem er ein Loblied auf den Mittagsschlaf anstimmt.

Otto Filmkritik
CinEast-Festival

Wéi erliewe Jugendlecher hautdesdaags de Suicide an den Deuil? De sensibele rumäneschen Drama ''Otto the Barbarian'' léisst bewosst vill Froen onbeäntwert. Kompetitioun CinEast-Festival.

Spiral Filmkritik
CinEast-Festival

Déi ungaresch-rumänesch Produktioun "Spiral" vun der Cecília Felméri weist, datt d'Mënsche sech net einfach de Gesetzer vun der Natur kënnen iwwerloossen. Aus der Kompetitioun vum CinEast-Festival.

Charlotte Posenenske: Work in Progress
Ausstellung

D'Charlotte Posenenske huet zwar un d'Konscht gegleeft, hat awer d'Gefill, datt si duerch de Konschtmarché gesellschaftlech agoe géif. Hir Aarbecht soll d'Ëffentlechkeet zum participativen Notze motivéieren.

Samuel Skyva a Samuel Polakovic Filmkritik
CinEast-Festival

Subversiv Aktivitéiten an engem Seminaire ënner dem Kommunismus: den Drama "Servants" vum Slowak Ivan Ostrochovsky beandrockt net nëmmen duerch seng Bildästheetik. Kompetitioun CinEast-Festival.

Father - Otac Filmkritik
CinEast-Festival

En aarmen Doléiner kämpft ëm d'Garde vu senge Kanner. De serbeschen Drama "Father" ass eng Bestandsopnam vum desastréise sozio-ekonomeschen Zoustand vu Serbien. Aus der Kompetitioun vum CinEast-Festival.

Peau d'Homme
Hubert & Zanzim, Peau d’Homme

"Peau d'Homme" spillt an der Renaissance an erzielt awer eng Geschicht fir eis Zäit. D'Handlung kéint direkt aus enger Shakespeare-Comédie sinn. Eng BD, déi mat Momenter e bëssi plakativ ass, mee ni ouni Charme a Witz.

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen