Kultur

Brandy-3.jpg
Konscht

Hien ass ee vun deene bekannteste Lëtzebuerger Moler. Awer och de Brandy stellt seng Aarbecht a Fro a muss sech ëmmer nees nei erfannen. Eng Visite a sengem Atelier suergt fir erstaunlech Ablécker.

La Supplication (c) Jerzy Palacz (1).jpg
Tschernobyl

30 Joer no der Katastroph vun Tschernobyl thematiséiert de Réalisateur Pol Cruchten reell Schicksaler vun eenzelne Personnagen. Si beschreiwen, wéi sech hiert Liewen nom Super-GAU verännert huet.

Päerd sinn och nemme Menschen.JPG
Cabaret

E literaresche Galopp op zwee a véier Been an e klassesche Cabaret mat Texter vu lëtzebuergeschen an däitschen Auteuren, zesummegestallt vum Mars Klein.

shakespeare.JPG
Literatur

Eng 37 Theaterstécker huet de William Shakespeare a senger Karriär geschriwwen, dorënner "Macbeth", "King Lear" an "Hamlet". Viru 400 Joer ass hien gestuerwen, relevant ass hien nach ëmmer.

bronte.jpg
Literatur

Virun 200 Joer koum déi britesch Schrëftstellerin Charlotte Brontë op d’Welt. Mat hiren emanzipéierte Bicher huet déi beléifte Schrëftstellerin d'Literaturwelt am 19. Joerhonnert op d’Kopp gehäit.

cité-des-dames.jpg
Literatur

Déi bekannteste Schrëftstellerin a Philosophin vum Mëttelalter ass d'Christine de Pizan. Si gëllt als éischt Fra, déi vun hirem Schreiwe liewe konnt. Si steet am Mëttelpunkt vun enger Ausstellung vum CID-Femmes.

Table Ronde Robert Krieps
Kulturpolitik

Déi sougenannten "assises de la culture" sollen op ee Kulturentwécklungsplang eraus lafen. Wéinstens steet dat esou am Koaltiounsprogramm vun der Regierung. Mee wéi soll dee Kader ausgesinn?

laurence.jpg
Literatur

Am Kader vum Beetebuerger LiteraTOUR-Festival gouf de Weekend de Prix Laurence fir jonk Auteure verginn. An de jeeweilegen Alterskategorien goung den 1. Präis un dat 17 Joer jonkt Délali Amega an de Blogger Maxime Weber.

Möglicherweise gab es einen Zwischenfall.JPG
Theater

De Kasemattentheater presentéiert en engagéiert Stéck iwwer (on)mënschlech Decisiounen a supposéierten Heldentum. Et ass ee Stéck wat Extremsituatioune beschreift an heiansdo och wéi deet.

craig.jpg
Craig Hanna am MNHA

Enn 2015 huet de Musée National d'Histoire et d'Art du Luxembourg mat "Arrangement of Dancers" e wichtegt, monumentaalt Wierk vum H. Craig Hanna a seng Kollektioun opgeholl. Lo gëtt eng Monographie vun him gewisen.

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen