Kultur

Marion Dengler, Sophie Dewalque, Sandra Biewers virum Konschthaus beim Engel
Kreatioun zu Lëtzebuerg

D'Konschthaus "beim Engel" soll eng Vitrine fir d'Kreativzeen vu Lëtzebuerg ginn. Den Zyklus heescht "Intro_". Deen éischte Volet beschäftegt sech mat den Themen Illustratioun an Zeechnung.

_MHA3058.jpg
Lëtzebuerger Konscht am MNHA

Vill Leit kenne keng Lëtzebuerger Kënschtler. Dat beweist e rezente Sondage. Eng nei Ausstellung am Nationalmusée erlaabt een Abléck an d'Kreatioun zu Lëtzebuerg vun de 60er Jore bis haut.

Scala-Sall.jpg
Scala

Den 20. Juni soll deen neie Kino zu Dikrech seng Dieren opmaachen. D'Gemeng kéint de Komplex mat fënnef Säll selwer bedreiwen. Et sollen ëmmer déi neiste Filmer gewise ginn, seet de Claude Haagen.

20170601_125225.jpg
Konscht

Wéi bekannt si Lëtzebuerger Kënschtlerinnen a Kënschtler? Déi Fro sollt eng grouss Ëmfro beäntweren. D'Resultat ass eendeiteg: Deene meeschte Leit ass Konscht vu Lëtzebuerg eigentlech egal.

"Guten Morgen Ihr Völker"
Theater

Dem Guy Helminger seng politesch Slapstick-Komedie weist verschidde Visioune vun der Europäescher Unioun. Wéi d'EU-Problematik ze léisen ass schéngt awer am Stéck, grad wéi an der Realitéit, ongewëss.

Ann Sophie Lindström beim Montage am CAPE.jpg
Expo

Fir d'Expo "Displacement" huet d'Fotojournalistin Ann Sophie Lindström Flüchtlinge bei Aktivitéite begleet. Hir Stëmmungs-Fotoe sollen d'Hoffnungen an d'Dreem vu Krichsflüchtlinge festhalen.

L'amant double
Kino

De Bléck op déi nei Kinosprogrammatioun léisst op Summer deiten. Dat ka Schlechtes bedeiten. Muss et awer net automatesch. Den Highlight vun der Woch ass ee slicken Erotikthriller vum François Ozon.

Stefan Henkes
Film

De Stefan Henkes war Set dresser a Stand-by fir d'Aussenzeene vum neien Alien-Film. Hien huet souwuel déi spektakulär Landschaft vu Neuseeland awer och kënschtlech Planzen an Zeen gesat.

EUPL2017
European Union Prize For Literature

Duerch den europäesche Literaturpräis géifen d'Organisateuren eng transversal Visioun vun den 12 Laureate kréien. Eng wichteg Viraussetzung, zum Beispill fir déi alldeeglech Aarbecht vum Libraire.

Okja1.jpg
Filmfestival Cannes

De südkoreanesche Film "Okja" vum Regisseur Bong Joon-ho huet zu Cannes um Filmfestival an der Haaptkompetitioun fir grouss Opreegung gesuergt, well e vun der Streaming-Plattform Netflix finanzéiert gouf.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen