Kultur

Nathalie Bender Kommentar
Walfer Bicherdeeg

"Europa Quo vadis" war d'Thema vun de Walfer Bicherdeeg 2015. Mee firwat geet dat Lëtzebuerger Buch net iwwer d'Grenzen an Europa, freet d'Nathalie Bender.

athen.jpg
Biennale zu Athen

Déi fënneft Konschtbiennale vun Athen beweist, datt och ënner schwierege Konditiounen d'Kreativitéit weider blitt. Gläichzäiteg gëtt ganz oppen mat der aktueller Situatioun am Land emgaang.

Prix Edward Steichen
Edward Steichen Award 2015

Den 20. November goufen de Max Pinckers mam "Edward Steichen Award", an de Jeff Weber mam "Edward Steichen Luxembourg Resident in New York Award" ausgezeechent.

Gaby Peters_Newtons Wiege_web.jpg
Robert Schuman Konschtpräis 2015

De Robert-Schuman-Konschtpräis geet dëst Joer un d'Gaby Peters. D'Installatioune vun der Tréierer Kënschtlerin beschäftege sech mat den Absurditéite vun der zäitgenëssescher Liewenswelt.

walfer bicherdeeg.jpg
Walfer Bicherdeeg Spezial

Dës Woch huet zu Walfer rëm alles ronderëm Literatur gedréint, et war schonn déi 21. Editioun vun de Bicherdeeg. Mir bliederen zréck a werfen e Bléck op d'Highlighten dovun.

Lex Jacoby
Literatur

De Schrëftsteller a Papp vun de Walfer Bicherdeeg ass den 20. November am Alter vu 85 Joer gestuerwen. Hien huet Lyrik, Kuerzprosa, Romaner a Reesberichter haaptsächlech an däitscher Sprooch geschriwwen.

made in.jpg
Attentater vu Paräis

Emprogramméierungen, Changementer vun Titelen an Affichen: d'Attentater vu Paräis hunn och en Impakt op déi franséisch Filmwelt. "Made in France" zum Beispill leeft lo net wéi geplangt un.

Jay Schiltz Meenung
Lëtzebuerger Buchpräis

"Déifsënneg Wuertakrobatik, souwuel déif, wéi sënneg", sou kann een den Inhalt vun deem Buch beschreiwen, dat elo de Lëtzebuerger Buchpräis 2015 kritt huet: "Rasch(t)auer. Gedichter a Prosa" vum Roland Harsch. 

Zeimet Bettel Poos.jpg
100,7 Radiopräis 2015

De Szenarist huet mat "JRRIUE" déi éischt Editioun vum 100,7 Radiopräis gewonn. Thema vum Concours fir dat bescht Manuskript fir e Radio-Hörspill war “Krieg der Welten”.

Steve Lazarides
Street Art

Hien huet sech als Agent vum Banksy e Numm gemaach. Mëttlerweil verdéngt hie mat Street Art Milliounen. De Steven Lazarides ass net just an der Zeen weltbekannt. Dat war awer alles just puren Zoufall.

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen