Kultur

pina.jpg
Danztheater

Den legendären Tanztheater Wuppertal ass zu Lëtzebuerg fir dem Pina Bausch säi Wierk "Masurca Fogo" opzeféieren. Et ass eng Hommage un déi grouss Choreographin, déi 2008 gestuerwen ass.

kh2.jpg
Kulturhuef Gréiwemaacher

Am Joer 2000 ass aus dem ale Schluechthaus zu Gréiwemaacher e Centre culturel ginn: De Kulturhuef. Bis haut danzt d'Haus mat sengem Konzept aus der Rei. E Réckbléck op 15 Joer mat Héichten an Déiften.

ebooks.PNG
E-books

De Reseau vun den ëffentleche Bibliothéike stellt méi wéi 78.000 elektronesch Bicher zur Verfügung. Iwwer de Site ebooks.lu kënne se gratis erofgeluede ginn. Wéi fonctionnéiert dat?

Nathalie Bender Kommentar
Walfer Bicherdeeg

"Europa Quo vadis" war d'Thema vun de Walfer Bicherdeeg 2015. Mee firwat geet dat Lëtzebuerger Buch net iwwer d'Grenzen an Europa, freet d'Nathalie Bender.

athen.jpg
Biennale zu Athen

Déi fënneft Konschtbiennale vun Athen beweist, datt och ënner schwierege Konditiounen d'Kreativitéit weider blitt. Gläichzäiteg gëtt ganz oppen mat der aktueller Situatioun am Land emgaang.

Prix Edward Steichen
Edward Steichen Award 2015

Den 20. November goufen de Max Pinckers mam "Edward Steichen Award", an de Jeff Weber mam "Edward Steichen Luxembourg Resident in New York Award" ausgezeechent.

Gaby Peters_Newtons Wiege_web.jpg
Robert Schuman Konschtpräis 2015

De Robert-Schuman-Konschtpräis geet dëst Joer un d'Gaby Peters. D'Installatioune vun der Tréierer Kënschtlerin beschäftege sech mat den Absurditéite vun der zäitgenëssescher Liewenswelt.

walfer bicherdeeg.jpg
Walfer Bicherdeeg Spezial

Dës Woch huet zu Walfer rëm alles ronderëm Literatur gedréint, et war schonn déi 21. Editioun vun de Bicherdeeg. Mir bliederen zréck a werfen e Bléck op d'Highlighten dovun.

Lex Jacoby
Literatur

De Schrëftsteller a Papp vun de Walfer Bicherdeeg ass den 20. November am Alter vu 85 Joer gestuerwen. Hien huet Lyrik, Kuerzprosa, Romaner a Reesberichter haaptsächlech an däitscher Sprooch geschriwwen.

made in.jpg
Attentater vu Paräis

Emprogramméierungen, Changementer vun Titelen an Affichen: d'Attentater vu Paräis hunn och en Impakt op déi franséisch Filmwelt. "Made in France" zum Beispill leeft lo net wéi geplangt un.

Praktesch Infoen

  • Nei Serie: Wellbeing

    Wellbeing

    Bleift gesond a monter zesumme mam 100,7. An eiser neier Serie "Wellbeing" wëlle mir Iech an dësen Zäite mat wäertvollen Informatiounen a Rotschléi begleeden. 

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen