Riddo op! Fir d'Publicitéit ...
Am Kino ass et scho laang Normalitéit. Am Theater vläicht och demnächst? Eng Dose Paräisser Theatere wëlle virun de Virstellunge Reklamme weisen, fir finanziell besser iwwer d'Ronnen ze kommen.
Am Kino ass et scho laang Normalitéit. Am Theater vläicht och demnächst? Eng Dose Paräisser Theatere wëlle virun de Virstellunge Reklamme weisen, fir finanziell besser iwwer d'Ronnen ze kommen.
De Robert Garcia ass Gerant a Mann vun der éischter Stonn beim Radio ARA. Hie kuckt zeréck op 25 Joer Héichten an Déiften. Awer virun allem kuckt hien no vir. Den onofhängege Radio emanzipéiert sech.
E gudde Libesfilm bleift ganz einfach e gudde Libesfilm. Dann ass et net esou wichteg, ob de Film aus Südamerika kënnt, oder ob et ëm transgender Leit geet. "Una mujer fantástica" ass esou e Film.
Seng Literatur ass kee liichte Kascht an dat soll se och net sinn. De portugisesche Schrëftsteller feiert säi 75. Gebuertsdag. Hien zielt zu deene bedeitendsten zäitgenësseschen Auteuren aus Europa.
Wat bedeit et e Flüchtling ze sinn? Den Ilija Trojanow weess dat aus eegener Erfahrung. An "Nach der Flucht" bedéngt hie sech enger weiderer Form fir seng Erënnerunge literaresch ze verschaffen.
"My Cousin Rachel" spillt an England, an och bëssen an Italien, vum 19. Joerhonnert. Dat Originellt: De Film huet ee feministeschen Ustrach. Dëst ass wuel de Merite vun der Autorin Daphné du Maurier.
De Lëtzebuerger Schrëftsteller Guy Helminger ass entsat iwwer déi rezent Festnam vum Doğan Akhanli. Den däitsche Schrëftsteller mat tierkeschen Originne war fir kuerz Zäit a Spuenien festgeholl ginn.
Mat "L'Alchimiste" gouf de brasilianeschen Auteur weltbekannt. De Paulo Coelho gehéiert zu de Schrëftsteller, déi weltwäit am meeschte Bicher verkafen. Dësen Donneschdeg kritt hie 70 Joer.
Aus dem "Rechter Blaustein" hu fréier Aarbechter aus Éisträich Alldagsgéigestänn awer och sakral Konscht realiséiert. Haut kommen Touristen op Sankt Vith, fir déi ënnerierdesch Galerie ze gesinn.
Fir de Festival an der Ardennerstad huet déi Berliner Kënschtlerin Birgit Knappe iwwer déi lescht véier Wochen un hirem Projet "Rencontre" geschafft. Dee soll och d'Spectateuren zesummeféieren.
Mam LSAP-Vize-Premier schwätze mir iwwer seng eegen Zukunftspläng an déi vun der blo-rout-grénger Regierung.
D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen