Concerten

Solistes Européens.jpg
De virtuelle Concertssall

D'Solistes Européens, Luxembourg an d'Nicola Benedetti interpretéieren dem Tschaikowski säi bekannte Geieconcerto. Weider um Programm: Déi zweet Sinfonie vum Ries an d'Egmont Ouverture vum Beethoven.

Paul Mootz
De virtuelle Concertssall

Lauschtert den 100,7-Live-Matschnëtt mat de Perkussioniste Michel Mootz, Paul Mootz, Netty Glesener a Christopher Hastings vum 6. Oktober 2014 am Kammermusekssall vun der Philharmonie.

Martin_Grubinger-23-photo_Simon_Pauly-XXxXXcm_COL_300DPI_RGB.jpg
De virtuelle Concertssall

Am Januar 2019 trëtt den OPL zesumme mam éisträichesche Star-Perkussionist Martin Grubinger op. Um Programm stinn dem Jean Sibelius seng 5. Sinfonie, "Helix" vum Esa-Pekka Salonen a "Siedi" vum Kalevi Aho.

Quatuor Voce 2015
De virtuelle Concertssall

Lauschtert den Optrëtt vum präisgekréinte Quatur Voce vum 19. Mee 2014 am Kammermusekssall vun der Philharmonie. Um Programm sti Wierker vun de Komponiste Mozart, Beethoven a Ravel.

Lëtzebuerger Militärmusek.jpg
De virtuelle Concertssall

Lauschtert d'Militärmusek an de Choeur de Chambre du Luxembourg mam Tolga Kashif senger "Queen Symphony". 2002 huet de Komponist et mat dësem Wierk souwuel an d'Klassik - wéi och an d'Pop-Charts gepackt.

Juliette Bausor.jpg
De virtuelle Concertssall

2014 ass Juliette Bausor am Kader vun der Serie Rising Stars duerch Europa op Tournée gaangen. Lauschtert hire Concert zu Lëtzebuerg an der Philharmonie mat Musek aus ronn 300 Joer.

Kierch Diddeleng
De virtuelle Concertssall

2015 geet den éischte Präis fir Interpretatioun un d'Ami Hoyano an den éischte Präis fir d'Improvisatioun un de Stéphane Mottoul. Lauschtert béid Laureaten am 100,7-Live-Matschnëtt.

Vilde Frang 2017
Photo: Marco Borggreve
DE VIRTUELLE CONCERTSSALL

De Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg interpretéiert dem Gustav Mahler seng 4. Sinfonie an dem Béla Bartók säin éischte Geieconcerto. Lauschtert dëse Concert am 100,7-Live-Matschnëtt.

Orchestre de chambre du Luxembourg.jpg
De virtuelle Concertssall

Den Orchestre de Chambre du Luxembourg interpretéiert Wierker vu Komponisten, déi sech um Noen Osten an dem méi wäiten Orient inspiréiert hunn. Um Programm: Gustav Holst, Jean Sibelius a Kerry Turner.

Gustavo Gimeno
De virtuelle Concertssall

Lauschtert eng vum Giuseppe Verdi senge populäersten Operen am 100,7-Live-Matschnëtt. De Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg an de Philharmonia Chor Wien gi vum Gustavo Gimeno dirigéiert.

Praktesch Infoen

  • Nei Serie: Wellbeing

    Wellbeing

    Bleift gesond a monter zesumme mam 100,7. An eiser neier Serie "Wellbeing" wëlle mir Iech an dësen Zäite mat wäertvollen Informatiounen a Rotschléi begleeden. 

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen