Aktualitéit

De Romain Bausch gleeft net, datt den Effet vun der TVA-Hausse iwwert de Wee vun enger Steier-Reform 2016 ka kompenséiert ginn. Dofir léich zu Lëtzebuerg dat steier-fräit Akommes ze héich.

Fir d’nächst Joer si kéng Mesurë geplangt fir d’TVA Haussë ëm 2 Prozentpunkten den 1. Januar 2015 ze kompenséieren. An der grousser Steier-Reform 2016, géing awer d’finanziell Situatioun vu sozial schwaache Stéit mat betruecht ginn, esou de Premier Xavier Bettel.

D’Decisioun wier dorobber zeréckzeféieren, datt d’ALIA, d’onofhängeg Lëtzebuerger Autoritéit fir den audio-visuelle Beräich, d’Ëmgestaltung vum DNR Programm op e franséisch-sproochege Programm verworf hat, esou Wort Online.

100,7-Informatiounen no gëtt d’TVA eréischt op den 1. Januar 2015 gehéicht. D’Decisioun ass haut formell am Regierungsrot gefall, muer soll se de Sozialpartner matgedeelt ginn.

Net verpassen

Programm

  • Concert - Léiffrawëschdag

  • On air

    Spektrum - The Wombats - Oumou Sangaré

  • Noriichten

  • Spektrum - Caminero Quintet

  • Noriichten

Dossieren

  • Saint-Malo: "Étonnnants Voyageurs"

    Saint-Malo ass déi Plaz, wou déi sougenannt ''littérature-monde'' gefeiert gëtt. Den 100,7 war bei der leschter Editioun vum Festival Étonnants Voyageurs am Juni dobäi.

  • Dossier: Cannabis-Legalisatioun

    Nach am Laf vun dësem Joer soll e legale Kader ausgeschafft ginn, fir e staatlech kontrolléierten Ubau vu Cannabis fir medezinesch Zwecker zu Lëtzebuerg méiglech ze maachen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen