Aktualitéit

Cecilia Gondard
Parlamentswalen a Frankräich

Bei de Parlamentswalen a Frankräich ass ee Mandat ass fir Fransouse virgesinn, déi am Benelux liewen. Am zweeten Tour fuerdert do d'Cécilia Gondard de Pieyre-Alexandre Anglade eraus.

Boris Johnson
Grande-Bretagne

Le premier ministre britannique Boris Johnson a sauvé son poste, mais pour combien de temps encore ? Lundi, il a survécu à une motion de censure déclenchée par son propre camp.

Europaparlament
KLIMA-KRIMI AM EUROPAPARLAMENT

Vun 2035 u sollen an der EU keng Autoe méi verkaf ginn, déi mat Diesel oder Bensinn fueren. Dofir huet sech gëscht eng Majoritéit am EU-Parlament ausgeschwat. Iwwer d'Reform vum Emissiounshandel gouf ee sech net eens.

EU-Parlament a Memberlänner si sech iwwer Standarde fir Mindestléin an der EU eens ginn - den Nicolas Schmit bei der Presentatioun vum Accord virun der Press
EUROPÄESCH SOZIALPOLITIK

EU-Parlament a Memberlänner si sech iwwer eenheetlech Standarde fir Mindestléin an der EU eens ginn. D'Reegele si wéineg contraignant, kéinten den Aarbechtsmaart an der EU awer méi sozial maachen, sou d'Hoffnung.

Gemeng
Lokalpolitik

Wien ee Mandat am Gemengerot huet, muss och där Gemeng wunnen, ënnersträicht d'Taina Bofferding. Wien dës Konditioun net méi erfëllt, misst dat matdeelen a säi Mandat néierleeën, preziséiert d'Inneministesch.

Michel Dormal Meenung
Fräie Mikro

Rezent koum den neien "Politmonitor" eraus. Wat esou Sondagen eis politesch u Relevantem ze soen hunn, ass net ganz kloer. Haaptzweck ass wuel éischter, Politik als "Soap Opera" ze inzenéieren, mengt de Michel Dormal.

Place Clairefontaine
Wirtschaftswuesstum

De Wirtschaftswuesstum an der Eurozon wier staark gebremst ginn, seet de STATC-Direkter Serge Allegrezza a schwätzt vun enger Polykris. D'Inflatioun wier mat 5,8 Prozent um héchste Stand zanter 40 Joer.

Jochen Zenthöfer
Wëssenschaft

An der Schoul heescht et "Knäipen", de wëssenschaftlechen Term heifir ass Plagiat: Ouni Quellenangab ofzeschreiwe wier ee Bedruch an dierft net toleréiert ginn, seet de Jochen Zenthöfer am 100,7-Interview.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Dossier: Relatiounen tëscht Portugal a Lëtzebuerg

    Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun ass den Ament zu Lissabon. An eisem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.

  • De Krich an der Ukrain

    De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen