Aktualitéit

De Nicolas Schmit sot sech “positiv iwwerrascht”, dass d’Regierung d’Sozialpartner wëll mat abannen an déi fir 2017 geplangte Steierreform. Et däerfte bei där Reform keng Tabuen ginn, esou den Aarbechtsminister an der Emissioun Riicht Eraus.

100,7-Informatiounen no gëtt de Gros vum Personal vun der EU-Kommissioun um Kierchbierg deemnächst an dat aalt Gebai vu PriceWaterhouseCoopers op der Cloche d’Or respektiv an d’Joseph Bech-Gebai nieft dem Auchan um Kierchbierg ënnerbruecht. Dës zwee Site stinn elo mat grousser Wahrscheinlechkeet fest, hu mer erausfonnt. Eng 1.600 Leit wiere vun där Plënneraktioun betraff.

Nodeems d’Verwaltungsgeriicht dem Inneministère seng Approbatioun vum PAG Mamer annuléiert huet, sinn d’Reaktioune verschidden. De Mamer Buergermeeschter Gilles Roth seet, de Ball léich elo beim Inneminister an d’Léisung wier ganz no. Den Dan Kersch gesäit dat anescht.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen