Aktualitéit

Ech ginn de Verdacht net lass, dass nieft anere Gruppéierungen di dräi Regirungsparteien zu Lëtzebuerg op d’Kierch fachen an am Fong d’CSV mengen. Dat kann ee gutt verstoen, wann ee weess wéi sech bal e Joerhonnert laang di lëtzebuergesch Kiercheféierung mat där enger Partei identifizéiert huet.

Den Erny Gillen dementéiert kategoresch, eng Aschränkung vun der Pressefräiheet z'ënnerstetzen. Dat wier senger Meenung no och net de Sënn vun der Charta, déi den Imam vu Mamer proposéiert. Et géif ëm eng Charta vu gemeinsame Wäerter ënnert monothéisteschen Reliounen goen. Den Erny Gillen versteet net, datt dat elo als eng Limitatioun vun der Pressefräiheet gedeit gëtt.

Regierung huet sech ënnert anerem engagéiert, mat 25 Milliounen Euro den Defizit vun der Employeurs-Mutualitéit ganz auszegläichen

"Et ass schéin a gutt, wa Reliounen net wëllen, datt e Gott, e Prophéit oder Symboler gezeechent ginn. Soulaang dat ënnert hire Sympathisanten applizéiert gëtt, ass dat an der Rei. Mä soulaang et net a Gesetzer verbueden ass, dierf et hautdesdaags net sinn, datt d'ganz Welt sech muss un déi verschidde selwer-operluechte Regelen halen.", esou de Jean-Claude Franck an engem Kommentar

Déi véier Froe vum consultative Verfassungsreferendum sollten deels ëmformuléiert ginn, besonnesch déi iwwert de Finanzement vun de "Ministres des cultes"

Generell gëtt et zu Lëtzebuerg enger gutt informéierter Source no an der “radikaler Communautéit” en “haarde Kär”, dee permanent observéiert gëtt. Dorënner wieren och Persounen, déi Interessi a Gefalen um Biergerkrich a Syrien a méi generell un den Djihadiste vum Islamesche Staat weise géif.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen