Aktualitéit

Kulturministère schafft um Gesetzprojet: en Etablissement Public soll geschafe gi mam Optrag Recherche iwwert d'Lëtzebuerger Geschicht vum 20. an d'21. Joerhonnert ze maachen

Offiziell gouf festgehal, de Finanzminister géif nach emol d’Vir- an d’Nodeeler vun der ëmstriddener Steiererliichterung fir Betrieber préiwen. De facto ass d'Mesure begruewen.

"Während Joeren hätt de Beamten näischt ze di gehat, an eise Sourcen no, huet en och méi wéi eng Kéier gefrot, Aarbecht ze kréien. Datt d’Gewerkschaft sech ouni Erfolleg fir en agesat huet, beleet, datt e sech net domat offonnt huet, ouni Aarbecht ze sinn"

D’Atomzentral vu Cattenom ass eng vun deene franséischen Zentralen, an deene Schutz-Gain'e vu Brennstief ze séier raschten, krut de Service de Radioprotection confirméiert.

Déi nei Regierung huet jo wëlles d’Finanzéierung vun de Glawensgemeinschaften ze reforméieren an d’Relatioune tëschent de Gemengen an de Culten ze redefinéieren.

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen