Aktualitéit

Wann d’Regierung an hirem Règlement grand-ducal net méi virgesäit wéi e Samschdeg annoncéiert, da gëtt se hirem Verspriechen net gerecht den Deontologiecodex ze verschäerfen, mengt d’Mick Entringer an engem Kommentar

Den annoncéierten Depart vum Luc Frieden kënnt zum Deel iwwerraschend, ass awer zum Deel och eng logesch Konsequenz aus de leschte Joere, mengt de Jean-Claude Franck

Zwee Themen dominéieren dann d’Reaktioune vun den anere Parteien an der Chamber: d’Konsequenze vum Luc Frieden sengem Depart fir d’CSV, an déi deontologesch Problemer, déi säi Wiessel an d’Privatwirtschaft kéinte bedeiten

De Luc Frieden trëtt als CSV-Deputéierte zeréck a gëtt Vize-President vum Grupp “Deutsche Bank”. Hien trëtt seng nei Funktioun de 15. September zu London un, esou d’Deutsche Bank. Vu Säite vun der CSV gëtt de Récktrëtt vum Luc Frieden aus der Politik bedauert.

100,7-Informatiounen no wëll de Luc Frieden de Mëtteg seng Demissioun als CSV-Deputéierte bekannt ginn. Éischt Kandidatin am Wahlbezierk Zentrum fir op de Krautmaart nozeréckelen, ass d’Tessy Scholtes.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen