Schéissereien ouni Enn an den USA
A Florida koum et zu enger Schéisserei bei där zwee Leit ëm d'Liewe koumen. Fir Opreegung huet dës Noriicht an den USA net gesuergt: et war eng vun enger Rei esou Schéissereien an deene leschte Méint.
A Florida koum et zu enger Schéisserei bei där zwee Leit ëm d'Liewe koumen. Fir Opreegung huet dës Noriicht an den USA net gesuergt: et war eng vun enger Rei esou Schéissereien an deene leschte Méint.
Fransousen déi am Ausland liewe wiele weltwäit all sechs Joer hir 442 Conseillers des français de l'étranger. Déi begleeden Expatriéierter an informéieren déi franséisch Ambassade iwwer Problemer an der Communautéit.
De radio 100,7 presentéiert sech an engem neien akustesche Kleed. Den neien Habillage sonore gëtt dem Radio eng opgefrëschten identité sonore, déi dem Usproch un Aktualitéit, Transparenz, Authentizitéit a Modernitéit gerecht gëtt.
No laangem Hin an Hier soll elo an Däitschland ee "Lieferkettengesetz" kommen: dëst gesäit vir, datt däitsch Entreprisen bei hiren Handelspartner kontrolléieren, ob Mënscherechter an Ëmweltschutzstandarden agehale ginn.
D'Propos vum amerikanesche President Joe Biden iwwer ee globale Mindest-Steiersaz fir international Konzerner bréngt Beweegung an den Dossier. Et wäert an Zukunft méi schwéier sinn, fir kleng europäesch Länner an deem Dossier ze bremsen, sou d'Aschätzung vun Observateuren.
"How will we live together?" - d'Architektin Sara Noel Costa De Araujo beäntwert déi Fro mat mobillen Holz-Modullen. An trëfft domat den Nerv op der 17. Architektur-Biennale, déi leschte Weekend zu Venedeg opgaangen ass.
Den Horeca-Secteur kritt zousätzlech 500.000 Schnelltester vum Staat: dat hunn de Mëttelstandsministère an d'Horesca eis op Nofro hi matgedeelt. D'Verdeele vun dëser zweeter Ladung wier de Moment voll am Gaangen.
Am Sträit ëm e finanzielle Solidaritéitsbäitrag, deen 13 Veräiner aus der BGL Ligue vun den dräi Éischten, déi scho sécher fir Europa qualifizéiert sinn, verlaangen ass nach keng Léisung fonnt ginn, esou d'Presidentin vum Stater Racing an der LFL.
Mam geplangte Gesetzesprojet géif eng Plaz geschaafe gi fir déi, déi op de Taxi-Marché wéilten, heescht et am Avis vum Conseil de la Concurrence, deen an der Dynamiséierung vun der Offer Virdeeler fir de Client an d'Taxis-Entreprisë gesäit.
Iwwer eng Woch schonn ass de Jürgen Conings ënnergedaucht, nodeems hie gedreet hat, e Virolog ëmzebréngen an eng Moschee ze attackéieren. Den Zaldot gëlt zanter Joren als geféierlech a radikaliséiert - seng Flucht werft eng ganz Partie Froen op.
Mam LSAP-Vize-Premier schwätze mir iwwer seng eegen Zukunftspläng an déi vun der blo-rout-grénger Regierung.
D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen