CovidCheck: "Den ideale Wee"
Ouni Mask an ouni d'Anhale vun Distanz einfach op eng Party mat Honnerte Leit goen. Dat ass zanter gëschter nees méiglech. Den Atelier huet d'Akraafttriede vum neie Covid-Gesetz gëschter gefeiert.
Ouni Mask an ouni d'Anhale vun Distanz einfach op eng Party mat Honnerte Leit goen. Dat ass zanter gëschter nees méiglech. Den Atelier huet d'Akraafttriede vum neie Covid-Gesetz gëschter gefeiert.
"Citizens Unite for Change", d'Plattform mat enger Dosen Organisatiounen, manifestéiert fir de Sujet Klimaschutz ze deconfinéieren. Bis zu 150 Persounen hu participéiert.
Déi siwe räichsten Demokratien hu versprach iwwer eng Milliard Dosisse vum Coronavirusvaccin a méi aarme Länner ze verdeelen. Dat ass eng vun de wichtegsten Annoncë vum G7-Sommet zu Cornwall an England.
A sengen Aen war et richteg, déck Konjunkturpäck z'annoncéieren, sou de Statec-Direkter. D'Regierung hat alles an allem eelef Milliarden ugekënnegt, mee just 1,7 Milliarden Euro goufen agesat.
Haut fänkt de Bundesparteidag vun der däitscher grénger Partei un. Et gi vill intern Diskussiounen ze féieren: ënner anerem muss de Walprogramm gestëmmt ginn. Dat kéint eng ustrengend Affär ginn.
Mat der Covidcheck-App ka kontrolléiert ginn, ob d'Dokumenter fir Geheelter, Geimpfter oder Getester authentesch sinn, seet de Patrick Houtsch. Beim dësem System wier den Dateschutz garantéiert.
De Sträit ronderëm d'Karriären C1 a B1 bei der Police beschäftegt nach ëmmer d'Geriichter. De Minister mécht een Appell zur Rou: hie wëllt d'Urteeler ofwaarden, weess awer net, ob da misst gehandelt ginn.
Jonk Leit vun 18 Joer u kënne sech vu muer un op impfen.lu aschreiwe fir eng Impfung mat de Vaccinen AstraZeneca oder Johnson&Johnson. Dobäi gelt de Prinzip first come, first serve.
Déi National Ethikkommissioun schwätzt sech an engem neien Avis géint eng prioritär Covid-Impfung fir eenzel Beruffsgruppen aus. Esou eng Approche géif der Ethikkommissioun no awer eng Rei Schwieregkeete mat sech bréngen.
Den OGBL bleift kritesch bei der geplangter Testflicht vun dësem Sonndeg u fir d'Personal aus ënnert anerem den Alters-a Fleegeheemer a Klinicken. D'Tester solle virun op fräiwëlleger Basis gemaach ginn.
Mam LSAP-Vize-Premier schwätze mir iwwer seng eegen Zukunftspläng an déi vun der blo-rout-grénger Regierung.
D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen