Aktualitéit

"Erstaunlech ass, datt de Chaos an der Cargolux wéinst de Medie bekannt ass, mä datt sech quasi net dofir interesséiert gëtt. D’Chamber, déi an der leschter Legislaturperiod sou houfreg op hir Kontrollfunktioun war, kuckt dës Kéier just no", mengt de Jean-Claude Franck an engem Kommentar

Den LSAP-Partei- a Fraktiounschef schléisst net aus nach virun de nächste Gemengewahlen als Diddelénger Buergermeechter zréck ze trieden

Wéinst Budgetskierzunge huet den "Orchestre Philharmonique" eng Tournée ofgesot, déi dëse September a China geplangt war. Déi 100,7-Informatioun krute mer vum Generaldirekter vun der Philharmonie confirméiert.

Wéi mer dat d’lescht Woch gemellt haten, denkt d’Regierung driwwer no d’TVA schonn am Juli unzehiewen. Aneren Szenario ass den 1. Januar. De Jean-Claude Franck mengt, d’Regierung soll an hiren Iwwerleeungen déi politesch Consideratiounen an den Hannergrond stellen.

Dem Professer fir Verfassungsrecht Luc Heuschling no verstéisst et géint geltend Recht, datt de Grand-Duc net an de Wielerlëschte steet. Vertrieder vun LSAP an CSV deelen des Analys

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen