Aktualitéit

Jean-Claude Juncker
Fréieren EU-Kommissiounspresident

De Jean-Claude Juncker ka bei der Agence London Speaker Bureau Germany erëm als Riedner gebucht ginn. D'Agence vu Karlsruhe ass op d'Vermëttlung vun héichkarätege Gaaschtriedner spezialiséiert.

Wohngemeinschaft
Wohngemeinschaften

LIFE huet e Projet lancéiert, deen hëllefe soll fir méi WG-Zëmmeren zu Lëtzebuerg ze schafen. Fir dëse Projet huet d'Asbl en Haus zu Zolwer kaf, an deem elo WG-Zëmmeren entsoe sollen.

De Boris Johnson an d'Ursula von der Leyen
EUROPAPARLAMENT IWWER BREXIT

Biergerrechter géint Maartzougang: D'Europaparlament fuerdert, datt d'Intensitéit vun der wirtschaftlecher Zesummenaarbecht mat Groussbritannien un d'Garantie vum Recht op fräi Zirkulatioun gebonne gëtt.

Etienne Schneider a Franz Fayot
Regierungsremaniement

87 Prozent vum LSAP-Generolrot hu fir e Regierungsremaniement gestëmmt. De Franz Fayot gëtt Wirtschaftsminister, d'Paulette Lenert Gesondheetsministesch an delegéiert Ministesch fir d'Securité Sociale an den Dan Kersch Vize-Premier.

ADR
Parteiintern Spannungen

Nodeem d'Sylvie Mischel dëse Méindeg bei den ADR Fraen als Presidentin zeréckgewielt gouf, zéien aner Memberen hir Konsequenzen. D'Marceline Goergen an d'Nicky Stoffel hunn aus dem Comité demissionéiert.

Impfen
Medezin

Fir dës Grippesaison huet Lëtzebuerg 77.500 Dosisse Vaccin geliwwert kritt, esou den Direkter vun der Santé. Et géif keng Rupture de stock ginn, phaseweis goufen et awer wuel e puer Enkpäss.

Günther Oettinger an Cecilia Malmström
EU-Kommissären um Aarbechtsmaart

EU-Kommissären musse wärend enger Karenzzäit vun zwee Joer eng Autorisatioun ufroen, éier si eng nei Aarbecht am Privatsecteur kënnen unhuelen. Dat geet net duer fir Interessekonflikter ze vermeiden, soe Kritiker.

Georges Engel
Neien LSAP-Fraktiounspresident

De Georges Engel wëllt hëllefen dofir ze suergen, datt déi blo-rout-gréng Koalitioun et bis 2023 packt a säint dozou bäidroen, fir datt d'LSAP 2023 déi dräi Sëtz zeréck gewënnt, déi se bei de Walen 2018 verluer hat.

Corinne Cahen
Regierungsaarbecht

D'Corinne Cahen hätt iwwerhaapt keen Zweiwel drun, datt déi blo-rout-gréng Koalitioun et bis 2023 packt. Dat léich un engem "gudde Koalitiounsprogramm", mee och un enger grousser Kompromëssfäegkeet.

Programm

  • Moies-Magazin

  • On air

    Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

  • Ënnerwee

Net verpassen

  • Riicht eraus: Wéi eng Press(ehëllef) fir Lëtzebuerg?

    Riicht eraus

    Am Joer 2020 eng Zeitung erauszebréngen ass net einfach. Déi geschriwwe Press ass wéinst dem Internet an neie Gewunnechte vun de Lieser a Lieserinne mat enger Baisse vun de Verkafszuele a vum Ëmsaz konfrontéiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen