Aktualitéit

Pascal Saint-Amans
#OpenLux

D'Regierung hätt Recht wa se seet, Lëtzebuerg géif déi international fiskal Reegele respektéieren, seet de Pascal Saint-Amans vun der OECD. Steieroptimiséierunge fir physesch Persoune wieren awer nach méiglech.

Frederik Obermaier
#OpenLux

Den Investigativ-Journalist Frederik Obermeier huet un den OpenLux-Recherchë matgeschafft. Am 100,7-Interview erkläert hie seng Approche a kritiséiert den Ëmgang vu Lëtzebuerg mat de Revelatiounen.

Bob Reuter Meenung
Fräie Mikro

Muer virun 212 Joer gouf den Charles Darwin gebuer. Säi Wierken ass esou bedeitend, datt et derwäert ass och zu Lëtzebuerg deen Dag ze feieren, fënnt de Bob Reuter, President vun AHA Lëtzebuerg,

Männerdortoire mat 60 Better
Stëmm vun der Strooss

D'Pandemie mécht den Accueil vu Sans-Abrise méi schwéier. Vill Hëllefsstrukturen hunn hir Kapazitéiten daagsiwwer mussen erofschrauwen. Nuets géif et u Plaze feelen, esou d'Stëmm vun der Strooss.

Kanzleramt
Däitschland

Déi däitsch Politik plangt de Shutdown bis an de Mäerz eran ze verlängeren. Mee fir d'éischte Kéier zanter November gëtt och nees iwwer Lockerunge geschwat. Besonnesch d'Schoulen a Crèchë missten als éischt nees opgoen.

Paul Weimerskirch
Gestioun vun der Pandemie

D'Santé soll reegelméisseg matdeelen, wéi vill Infektiounen et an den eenzele Gemenge gouf, fënnt de Paul Weimerskirch. Et wier net gutt, wann iwwer Fallzuelen an de Gemenge spekuléiert gëtt.

Pia Oppel Kommentar
Chronik

Wien eng grouss Finanzplaz huet, muss sech och d'Moyene ginn dës ze kontrolléieren. A wie seet, datt e keng Steieroas ass, dierf keng Bäihëllef zu aggressiver Steierplanung leeschten, mengt d'Pia Oppel.

Corinne Cahen
Impfcampagne

An den nächste sechs Woche sollen d'Bewunner aus allen Alters- a Fleegeheemer an aus de Strukture fir Leit mat engem Handicap béid Impfdosisse kritt hunn. Eelef Maisons de soins wiere scho ganz geimpft.

50925082948_6348ea8494_k.jpg
#openlux

De Finanzminister an d'Justizministerin hunn an der Chamber d'Virwërf am Kader vun der OpenLux-Enquête ofgestridden. Et géif een awer d'Iddi vun enger europäescher Agence géint de Blanchiment ënnerstëtzen.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen