Kierchbierg: Schoul am Container
Um Kierchbierg si vill Schüler a Containeren. Ee vun de Problemer ass, datt déi lescht Jore vill gebaut gouf, an datt Schoulinfrastrukturen net no komm sinn. Wéi soll et fir d'Kanner virugoen?
Um Kierchbierg si vill Schüler a Containeren. Ee vun de Problemer ass, datt déi lescht Jore vill gebaut gouf, an datt Schoulinfrastrukturen net no komm sinn. Wéi soll et fir d'Kanner virugoen?
Den Aarbechtsminister äussert op en Neits Kritik um President vum Patronatsverband UEL. De Michel Reckinger hätt "zwou Kapen op", esou den Dan Kersch, an d'Patronat misst sech froen "ob dat ubruecht ass".
Déi éischt zwou Phase vun der Impfcampagne wäerte wärend e puer Deeg parallel lafen. Déi nächst Liwwerung vum Impfstoff vu BioNTech/Pfizer gëtt e puer Deeg virun där vun AstraZeneca erwaart, seet de Luc Feller.
Bei Kontrolle vun der ITM ass opgefall, datt eng ganz Rei Commercen hir Mataarbechter Sonndes méi wéi véier Stonne schaffe loossen. Dat bréngt Problemer fir Patronen a fir d'Salariéë mat sech.
Meenung
Duerch d'Klimaerwiermung sinn net nëmmen Natur a Mënschen a Gefor, mee och Sitten a Gebräicher, déi zum Kulturierwe vun der Mënschheet gehéieren, fënnt d'Simone Beck an hirem Fräie Mikro.
Déi zweet Phas vun der Impfcampagne Covid-19 fänkt an den nächsten Deeg un, kënnegt de Gesondheetsministère un. Bis Enn vun dëser Woch wäerten déi éischt Invitatioune verschéckt ginn.
Am Hierscht gëtt an Däitschland gewielt. Schon elo ass kloer, datt Däitschland en neie Kanzler oder eng nei Kanzlerin kritt. Mee a wéi enger Konstellatioun? Lues a lues spillt sech eng Koalitioun an d'Favoritteroll.
Tëschent den zwou Dosisse vum AstraZeneca-Impstoff sollen elo zéng Woche leien. Dat huet d'Regierung matgedeelt. An engem zweeten Avis hat den CSMI sech fir en Ecart vun aacht bis 12 Wochen ausgeschwat.
D'Regierung misst kloerstellen, wéi d'Entwécklung vun enger Kreeslafwirtschaft soll geléngen, seet de Romain Poulles. Hie begréisst, datt Prinzippie fir e ressourcëschounende Wirtschaftssystem festgehale goufen.
De Waringo-Rapport iwwer de Fonctionnement vum groussherzoglechen Haff ass nach net ofschléissend ëmgesat, heescht et an der zoustänneger Chamberkommissioun. D'Stëmmung beim Personal wier gutt, d'Kommunikatioun vum Haff awer manner.
Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei.
Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.
Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen