Aktualitéit

Xavier Bettel zu Kiew op der Gare
Op Aluedung vum W. Selenskyj

De Premier Xavier Bettel ass haut op Visitt an der ukrainescher Haaptstad Kiew. Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj hat hie bei senger Interventioun an der Chamber, den 2. Juni, invitéiert.

Fixerstuff a Portugal
Progressiv Legislatioun

Portugal huet viru 25 Joer ee fortschrëttleche Wee an der Drogepolitik ageschloen, mat impressionnante Resultater. D'Grënn fir dës progressiv Legislatioun leien an der rezenter Geschicht.

Lëtzebuerger Bësch
Dréchent

Dem Lëtzebuerger Bësch geet et net gutt. Nëmme knapp 16 Prozent vun alle Bamzorten si komplett gesond. Besonnesch d'Bichen, eigentlech eng heemesch Aart, steet ënner Drock. E grousse Problem, deen dobäi kënnt, ass déi aktuell Dréchent.

Beruffsinformatiounszentrum vun der ADEM zu Esch-Belval
Aarbechtsmarché

De Chômage zu Lëtzebuerg geet erof a louch am Mee bei 4,6 Prozent, ronn 14.000 Leit sichen aktuell eng Plaz. D'ADEM zitt de Bilan vum leschte Joer a presentéiert eng nei Strategie fir 2025.

Sebastian Weier
Kritik u Kooperatiounspolitik

Datt d'Regierung an der Kooperatiounspolitik de Ruanda méi staark ënnerstëtze wëllt, stéisst op Kritik.

Nicolas Duca
Nicolas Duca

Den Emmanuel Macron hätt kee richtege Walkampf gemaach a wier vun de Wieler bestrooft ginn. Elo ass Frankräich méi schwéier ze regéieren, mengt de Fuerscher Nicolas Duca.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Dossier: Relatiounen tëscht Portugal a Lëtzebuerg

    Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun ass den Ament zu Lissabon. An eisem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.

  • De Krich an der Ukrain

    De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen