Aktualitéit

Panorama
Noriichten

D'Chantieren zu Lëtzebuerg ginn nees op, de Mundschutz ass vun elo un a méi enke Kontakt-Situatiounen obligatoresch an et gouf op d'mannst 16 Doudeger bei enger Schéisserei a Kanada.

François Bausch, Aline Muller, Vic Arendt
Riicht Eraus

Vu muer u gëtt nees op de Schantercher geschafft. D'Reprise um Bau ass en éischte Schrëtt um Wee an Etappen zeréck an d'Normalitéit. Mir hu mam François Bausch, Aline Muller a mam Vic Arendt geschwat.

Wëll Wuerzelpic.jpg
Wëll Wuerzel

Am Gaart ass et zur Zäit zimmlech dréchen. Dofir erkläert d'Lara Bousch eis an engem Special vun der Serie Wëll Wuerzel, wéi ee clever nätzt.

Armand Drews
Cercle des ONG

De President vum Verwaltungsrot vum Cercle de Coopération des ONG, den Armand Drews, ass onerwaart gestuerwen. Dat huet de Cercle op Facebook annoncéiert. Den Armand Drews ass 63 Joer al ginn.

Bau
Bausecteur

Dem OGBL no wier et besser gewiescht, d'Ukënnegung vun der Reprise vun de Chantiere wier manner kuerzfristeg gewiescht. D'Patronat rechent sengersäits mat Liwwerengpäss beim Bëtong.

Gilles Feith
Coronavirus

D'Regierung stellt den Entreprisen och do e Starter Kit vu fënnef Masken zur Verfügung. Déi gi vun der Arméi um Findel verdeelt, sou de Gilles Feith, Hien ass an der Cellule de crise responsabel fir d'Logisitik.

Fabio Secci.jpg
Tester op de Virus an op Antikierper

D'Gesondheetsmutuelle CMCM huet dës Woch hir Mataarbechter op de Coronavirus teste gelooss. Dat seet den CMCM-Generaldirekter Fabio Secci. De Laboratoire hätt d'CMCM-Beleegschaft geholl, fir den Test ze validéieren.

Thierry Simonelli Meenung
Fräie Mikro

D'Corona-Kris ass Ursprong vu ville kontradiktoreschen Informatiounen. Och d'Wëssenschafte schénge keen einfache Wee do eraus ze weisen, mengt de Psychanalyst an Auteur Thierry Simonelli am Fräie Mikro.

info
Coronavirus

An Zäite vu Covid-19 sinn am Internet vill Falschinformatiounen ënnerwee. Den Zentrum fir politesch Bildung wëllt mat enger Web-Applikatioun dobäi hëllefen, Informatioun vu Manipulatioun ze trennen.

Les shorts rouges
Buchkritik

No hirem éischte Wierk "Le Grand Leader doit venir nous voir", huet déi bulgaresch Schrëftstellerin Velina Minkoff en neit Band mat kuerze Geschichte publizéiert. Ee Buch, dat een net onbedéngt liese muss.

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen